Julie Kieffer
Ausgesinn
Julie Kieffer | |
---|---|
Gebuer | 3. Dezember 1992 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schauspiller, Theaterpedagog |
Famill | |
Papp | Jean-Marie Kieffer |
D'Julie Kieffer, gebuer den 3. Dezember 1992[1], ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin an Theaterpedagogin.
Si gouf mat der Roll vun der Sophie an der lëtzebuerger Sitcom Comeback, déi vun 2012-2013 op RTL Télé Lëtzebuerg gewise gouf, bekannt.
Säitdeem ass si an Televisiounsproduktiounen, Kinofilmer an am Theater ze gesinn.[2]
2019 huet si e Master an Theaterpedagogik op der Universität der Künste zu Berlin ofgeschloss.
Si ass d'Duechter vum Museker Jean-Marie Kieffer.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 2012-2013: Comeback (RTL Sitcom) Regie: Eric Lamhène, Christophe Wagner, Thierry Faber
- 2014: Away (Museskvideo, Daniel Balthasar)
- 2016: Aus den Aen / Long Lost (Kuerzfilm), Regie: Nadia Masri
- 2017: Never grow old, Regie: Ivan Kavanagh
- 2018: De Superjhemp retörns, Regie: Félix Koch
- 2018: ORLOK (Kuerzfilm), Regie: J.-B. Moisy
- 2019: Capitani, (RTL Serie vum Thierry Faber) Regie: Christophe Wagner
- 2019: 4Blocks Staffel 3, Regie: Özgür Yıldırım
- 2021: vis a vis, Regie: Émile V. Schlesser
Theater
[änneren | Quelltext änneren]- 2019: Wohin der Apfel fällt, Regie: Uta Plate (UdK Berlin)
- 2017 - 2019: Die Fürchterlichen Fünf, Regie: Marion Rothhaar
- 2020: Nur Wut/ Mega Béis, Regie: Florian Hackspiel