Émile V. Schlesser

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Fimregisseur Emile V. Schlesser. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Emile Schlesser.
Émile V. Schlesser
Gebuer 26. Juli 1986
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Kunstakademie Düsseldorf
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Komponist, Kënschtler
Famill
Geschwëster Tommy Schlesser

Den Émile V. Schlesser, gebuer de 26. Juli 1986 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur, Dréibuchauteur, Komponist a Multimediakënschtler.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Den Émile V. Schlesser huet op der Kunstakademie Düsseldorf vun 2007-2009 Molerei beim Markus Lüpertz, an dono Video & Film beim Marcel Odenbach studéiert. 2018 huet hie säi Studium als "Meisterschüler" op der Kunstakademie ofgeschloss[1].

Schonn am fréien Alter huet hie mat sengem Brudder Tommy Schlesser éischt Kuerzfilmer gedréint[2]. Wärend dem Studium krut hie vum Produzent Bernard Michaux d'Chance fir Regie bei enger Episode vun der Lëtzebuerger Sitcom Comeback ze féieren. 2011 an 2012 huet hien am Kader vun der Berlinale um 99Fire-Films Award deelgeholl, bei deem et d'Zil war, an 99 Stonnen e Film vun 99 Sekonnen ze realiséieren[3]. Entstanen ass dobäi A Coffee A Day Keeps The Doctor Away an Der Penner. 2013 huet hie mat Moast d'Comedy Serie Wat Elo? fir RTL kreéiert. Fir déi Serie huet hie bei ronn 100 Sketcher d'Zenarië geschriwwen, Regie gefouert a matgespillt. Hien huet och do mam Tommy Schlesser zesummegeschafft[4].

Zënter 2014 schafft hien zesumme mam Produzent Fabien Colas. Hiren éischte gemeinsame Projet ass de Kuerzfilm Roxy, deen de Schlesser mam Verkaf vu senge Biller aus dem Molereistudium finanzéiert huet. D'Première war den 2. Mäerz 2015 um LuxFilmFest[5]. 2019 ass de Film Superhero entstanen, mat den däitsche Schauspiller Maria Dragus, Jannik Schümann an Nico Randel an den Haaptrollen. Mat deem Film huet den Émile V. Schlesser am Juli 2020 de 13th Street Shocking Short Award[6] gewonnen, deen all Joer vum NBC Universal Sender 13th Street um Filmfest München verdeelt gëtt[7][8].

2021 war hie mat sengem Vis-a-Vis fir de Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "meilleur court-métrage" nominéiert[9].

Kowalsky, e Kuerzfilm mam Raoul Schlechter a Josiane Peiffer, hat de 7. Mäerz 2022 um LuxFilmFest Première[10].

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: Die Rache des Herbstes (Kuerzfilm)
  • 2010: Next Stop Heaven (Kuerzfilm)[11]
  • 2011: A Coffee A Day Keeps The Doctor Away (Kuerzfilm)[3][12]
  • 2011: Double Dot Bracket (Kuerzfilm)
  • 2012: Der Penner (Kuerzfilm)
  • 2012: Comeback, Episode 13 (TV Sitcom)[13]
  • 2013: Wat Elo? (TV Sketch Comedy)
  • 2014: Butsch (Kuerzfilm)
  • 2016: Roxy (Kuerzfilm)[14]
  • 2020: Superhero (Kuerzfilm)
  • 2021: Vis-a-Vis (Kuerzfilm)
  • 2022: Kowalsky (Kuerzfilm)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bio. Émile V. Schlesser. Gekuckt de(n) 2022-03-19.
  2. Podpurri Episod 65: De Filmkënschtler Émile V. Schlesser. play.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-03-18.
  3. 3,0 3,1 Der Film zum Kaffee. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2011-02-09). Gekuckt de(n) 2022-03-18.
  4. „Wat elo“? Jeden Abend eine Minute Comedy. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2013-10-22). Gekuckt de(n) 2022-03-18.
  5. Roxy | Luxembourg City Film Festival. www.luxfilmfest.lu Archivéiert op 2017-01-12. Gekuckt de(n) 2022-03-18.
  6. sky.de, 13th Street Shocking Short. www.sky.de. Gekuckt de(n) 2022-03-18.
  7. Oliver Burwig, Émile V. Schlesser mit „Superhero“: Akademie-Absolvent gewinnt Kurzfilm-Preis und 15.000 Euro. RP ONLINE (2020-07-03). Gekuckt de(n) 2022-03-18.
  8. 13th Street Shocking Short. www.filmfest-muenchen.de. Gekuckt de(n) 2022-03-22.
  9. Lëtzebuerger Filmpräis. filmprais.lu. Gekuckt de(n) 2022-03-22.
  10. Kowalsky | Luxembourg City Film Festival. www.luxfilmfest.lu Archivéiert op 2022-03-23. Gekuckt de(n) 2022-03-22.
  11. Milli Schlesser Produktion [be]. Crew United. Gekuckt de(n) 2022-03-18.
  12. A Coffee A Day Keeps The Doctor Away (Wettbewerbsbeitrag 99 Fire Films Award), Short Film, 2011 | Crew United. Gekuckt de(n) 2022-03-19.
  13. Comeback (2012-09-28). Gekuckt de(n) 2022-03-18.
  14. Emile V. Schlesser. IMDb. Gekuckt de(n) 2022-03-18.