Félix Koch

Vu Wikipedia
Nuvola apps aktion.png Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Félix Koch
Gebuer 16. Mäerz 1980
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Félix Koch, gebuer de 16. Mäerz 1980 zu Ettelbréck[1] ass e lëtzebuergesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première huet hien zu München als Regieassistent fir de Michael "Bully" Herbig a fir de Comedian Tommy Krappweis geschafft, souwéi och als Artdirekter a Grafikdesigner vu Bernd das Brot op KiKa.[2]

2006 bis 2012 huet hien op der HFF 'Konrad Wolf' zu Potsdam-Babelsberg (haut: Filmuniversität Babelsberg) Filmregie studéiert. Dobäi huet hien ë. a. zwéi Kuerzfilmer gedréint, Ravioli Ritter a You missed Sonja, an een 3D-Kuerzfilm, Topper gibt nicht auf.

2013 huet hie mam Kameramann Dylan E. Thompson de Previs Studio Holy Grid gegrënnt, an Enn 2014, mat dräi aneren Auteuren, de Writer's Room Development Hell, fir un Dréibicher a Konzepter ze schaffen.

2018 huet hie Regie bei zwou Episode vun der ARD-Serie Großstadtrevier gefouert.

Am Oktober 2018 koum säin éischte Laangfilm, De Superjhemp retörns an d'Kinoen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2018: De Superjhemp retörns (Dréibuch a Regie)
  • 2012: You missed Sonja (Regie an Dréibuch)
  • 2010/2011: RestStop (Regie)
  • 2009/2010: Ravioli Ritter (Regie an Dréibuch)
  • 2009: Topper gibt nicht auf (Regie)
  • 2007: Sydney (Regie)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op filmportal.de.
  2. Quell, wou net anescht uginn: Biographie op feko.net