Charel Kuddel

Vu Wikipedia
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Charel Kuddel
Createur Lucien Czuga, Roger Leiner
Ass en(g) fiktiv Figur
Geschlecht männlech
Famill
Bestuet mat Félicie Kuddel
Kanner Sandra, Steve, Metti
Universum
Present am Superjhemp

De Charel Kuddel ass e Personnage aus der Superjhempserie vum Roger Leiner a Lucien Czuga.

Hien ass dem Superjhemp seng Tarnpersoun an aneren Ech a schafft am Service vun den hoffnungslose Fäll vum Ministère vun den ongeléiste Problemer[1]. Mat Hëllef vu Kachkéis verwandelt e sech an de Superjhemp, deen doduerch ausseruerdentlech Kräfte kritt a fléie kann.

Hie wunnt mat senger Fra (Félicie Kuddel-Fleck), de Kanner Metti, Sandra a Steve an dem Hond Bernie[2] engem Eefamilljenhaus[3] op 150 Rue de la Patrie zu 6969 Luxusbuerg[1].

De Charel ass den Adoptivjong vun der Famill Jhempi Kuddel. Kuddels, eng Bauerefamill vun Heihatechnachnidebauchwéi haten hien opgeholl nodeems hie mat engem UFO an hirer Piffkaul gelant war. Och aner Superhelden (Fett-Man, Wander-Woman, Bett-Görl, Spanne-Man, Käpt'n Luxusbuerg, Fläsch-Man)[4] si schonn an der Famill Kuddel opgeholl ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 sou steet et op dem Charel Kuddel senger Visitëkaart (Superjhemp 9, Planche 41)
  2. vum Band 3 un
  3. Superjhemp 1, Planche 10
  4. „Wéi de Superjhemp op d'Welt koum“ am Band 11 Aktioun Réiserbunny, S. 45