Ministère vun den ongeléiste Problemer
Ausgesinn
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Ministère vun den ongeléiste Problemer[1] ass e fiktive Ministère an der Superjhempserie vum Roger Leiner a Lucien Czuga. Et ass d'Aarbechtsplaz vum Protagonist Charel Kuddel alias Superjhemp.
De Ministère ass follgendermoossen opgebaut[2]:
- um 4. Stack: de Cabinet vum Minister an niewendrun de Büro vu senger Sekretärin, der Joffer Anne S. Thésy;
- um 3. Stack: d'Büroe vun den Häre K. Loor-Rosen, A. Krecher a Charel Kuddel;
- um 2. Stack: d'Büroe vum Conseilljee de Gouvernement éischten an der Rei, Vize-Conseilljee de Gouvernement (mat Sekretärin), Attaché de Gouvernement an de Büro vun der Joffer Léonie Lamesch;
- um 1. Stack : d'Büroe vum 1. an 2. Huissier an de Büro fir australesch Ugeleeënheeten;
- um Rez-de-chaussée: de Portier an de Raum mat der Fotokopiesmaschinn, dem Telex, Fax an dem alternative Fax.