Superjhemp (Personnage)

Vu Wikipedia
Superjhemp
Createur Lucien Czuga, Roger Leiner
Ass en(g) Comicfigur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Superheld, Fonctionnaire
Universum
Present am Superjhemp

De Superjhemp ass eng Lëtzebuerger Comicfigur an de Protagonist vun der Comicserie mam selwechten Numm, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf.

D'Figur vum Superjhemp ass als Persiflage op déi nei Well vun Nationalbewosstsinn, déi an den 1980er Joren opkomm ass, entstanen. En ass inspiréiert vum mat Camembert gedoppte Super Dupont, enger franséischer Figur vum Marcel Gotlib a vum Jacques Lob, déi hirersäits eng Karikatur vum amerikanesche Superman ass. Als "biergerlechen" Typ ass de Superjhemp de Charel Kuddel, eng Verkierperung vum "typesche Lëtzebuerger". En ass Staatsbeamten (Am Ministère vun den Ongeléiste Problemer[1]), wunnt mat Fra (Félicie Kuddel-Fleck) a Kanner (Metti, Sandra, Steve) an engem Eefamilljenhaus op 150 Rue de la Patrie zu 6969 Luxusbuerg[1]. Mat Hëllef vu Kachkéis verwandelt e sech an de Superjhemp, deen doduerch ausseruerdentlech Kräfte kritt a fléie kann.

An all Episod muss de Superjhemp d'Land Luxusbuerg virun engem oder méi Béise retten, wéi dem Filip von Filoux, der Jessica Jaguar oder anere Polit-Terroristen. A sengen Aventurë begéint een ëmmer erëm Karikature vu verschiddene bekannte Lëtzebuerger, an och déi lëtzebuergesch an international Aktualitéit vum viregte Joer gëtt dodra verschafft.


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 sou steet et op dem Charel Kuddel senger Visitëkaart (Superjhemp 9, Planche 41)