Diskussioun:Superjhemp (Personnage)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech fannen datt dës Säit e bësse billeriwwerlueden ass. Ok et steet och nach weider keen Text do waat daat ganzt nach méi schlëmm mecht, wéi et warscheinlech ass mee de Luc an de Fox si liicht extrem grouss geroden an ech haat mer geduecht mer gingen eis déi Figurebiller (ausser de Jhemp selwer) fir déi eenzel Charactère-Säiten halen ? Schengt mir optesch einfach méi flott ze sinn.

--Briséis 21:35, 20 Dec 2004 (UTC)

Salut,

Ech hu mer den Artikel iwert de Superjhemp emol nach eng Kéier ganz genau ugekuckt an ech fannen och, esou wéi de Artikel elo do steet ass deen Artikel iwerlueden mat Fotoen. D'Foto vum Leiner an Czuga geet an deem Ganzen verluer. Ech fannen d'Idée vum Briseis guer net esou schlecht. (N.B.: Ech wëll ennersträichen dat Fotoen an en Artikel gehéieren wann et nëmme méiglech ass, si därfen den Artikel awer nëtt erdrecken)

Johnny Chicago 22:41, 20 Dec 2004 (UTC)

Dem Superjhemp seng Wuertspillereien[Quelltext änneren]

Déi déi mer am Moment am Artikel erkläert hunn dierfte wuel fir jidderee liicht erauszefanne gewiescht sinn (ausser Poznennö, do soen ech wierklech merci fir d'Info). Wier et net éischter vun Notzen, wann een déi verschidden Nimm vun de Personnage géif entschlësselen? --Otets 12:37, 5 Februar 2006 (UTC)

Ech mengen daat soll en Ensembel gin - Wierder + Personnagen + aaner Kuriositéiten. Eventuell kinnt een déi Säit eng Kéier aus dem normalen Text eraushuelen, an eng eege Säit maachen. Dass déi Wieder esou einfach erauszefanne sin fannen ech net, well de Gilly-Gilly ass nach emmer net erklärt, an aanerer sin och net esou evident. Den Text ass och nach emmer eng Skizz, well ech hun elo gerad emol zwee Albumen duerchgeholl - et bleiwen der jo dann nach 18! --Pasbal 13:20, 5 Februar 2006 (UTC)

Ech sinn emol frou, datt de Superjhemp-Schantjen, deen "eng Zäitchen" dout war, nees a Betrib gehol gouf! (mat der Wierderlëscht)
--Cornischong 13:32, 5 Februar 2006 (UTC)

Gilly-Gilly, Inte Bank a Poznennö, sécher. Mee Kaktus = Cactus, enfin...? Egal, wéi de Cornischong scho sot, et ass gutt datt et virugeet. Wann s de wierklech all d'Albumen duerchhuele wëlls, da musse mer effektiv dee Paragraph an en eegenen Artikel auslageren. Ech këmmere mech drëm. --Otets 13:37, 5 Februar 2006 (UTC)

Solle mer elo de Kaktus erausloossen?? Haut ass wuel nees en Diskussiounsdag!? --Cornischong 13:52, 5 Februar 2006 (UTC)

Ech hunn direkt drop geschriwwen: "egal". Mee ech wëll der elo net verbidden, dat auszediskutéiren. --Otets 14:01, 5 Februar 2006 (UTC)

wunnt mat Fra (Félicie Kuddel-Fleck) a Kanner an engem Eefamilljenhaus um Land

A waterengem Band fanne mer dat eraus. Se hunn eng Zäit beim Félicie sengen Eltere gewunnt a sinn duerno op 150 rue de la Paix geplënnert. Wou war déi rue de la Paix. --Les Meloures (Diskussioun) 09:35, 19. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Am Band 11 Aktioun Réiserbunny (Säit 34, lescht Bild) wunne Kuddels op 150 rue de la Patrie (an engem Haus wat en Eefamilljenhaus kéint sinn).GilPe (Diskussioun) 18:25, 26. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

D'accord, mä wou soll 150 rue de la Patrie sinn. Zu Bitscht nieft der Äppelkëscht, oder zu Hannerknuppegt oder wou nach? Dee Mënsch deen déi Informatioun um Land dragesat huet wousst et warscheinlech, mä wollt ons et net verroden. --Les Meloures (Diskussioun) 19:00, 26. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

E wunnt op 150 Rue de la Patrie zu 6969 Luxusbuerg. Ech hunn dat elo am Artikel präziséiert. GilPe (Diskussioun) 14:18, 27. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]