Schlass Siwebueren
D'Schlass Siwebueren, op de Siwebueren am Rollengergronn (Stad Lëtzebuerg) ass e Schlass aus dem 18. Joerhonnert.
Et gouf 1783–1784 vun de Bridder Jean-François a Pierre-Joseph Boch baue gelooss, an der Noperschaft vun hirer Parzeläinsfabréck, déi 1767 ugefaangen huet ze produzéieren a bis 2010 funktionéiert huet.
D'Schlass war sou ugeluecht, datt zwou Famille konnten dra wunnen: den ieweschte Stack war ënnerdeelt an zwéi Fligele mat Schlofzëmmeren, wärend de Rez-de-chaussée, mat ë. a. dem Iesszëmmer an dem Living, vun den zwou Partien zesumme benotzt konnt ginn.[1]
An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun war d'Schlass vu franséischen Truppe besat ginn. 1914 gouf et verkaf. 1970 huet d'Boch-Famill et nees zréckkaf. Den Antoine de Schorlemer (1927-2014) gouf ugestallt, d'Gebai grëndlech ze renovéieren.[2]
D'Schlass haut[änneren | Quelltext änneren]
D'Zëmmeren doruechter si mat deene verschiddenste Parzeläinswierker dekoréiert. Am Iesszëmmer hänkt e Portrait vun der Maria Theresia vun Éisträich (1717–1780), déi de Boch-Bridder d'Erlaabnes ginn hat, eng Parzeläinsfabrik opzemaachen a se déi 10 éischt Joer vun de Steiere fräigestallt hat. Hautdesdaags kann een d'Schlass loune fir Konferenzen oder Receptiounen. Och d'Firma Villeroy & Boch benotzt et als Gaaschthaus fir hir Clienten oder Manager.[1]
D'Schlass gouf den 18. November 2011 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[3]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Figut, I., 2014. Auf den Gespüren der Brüder Boch. Das Schloss nahe der Keramiikproduktionsstätte heutzutage nur für private Events buchbar. Luxemburger Wort vum 1. August 2014, S. 14-15.
- "Le château de Sept-Fontaines." ons stad 1987, Nr.26, S.23-25.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Buergen a Schlässer
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Lëtzebuerg
- Buerg Simmer (déi op Franséisch Château de Septfontaines heescht).
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Schlass Siwebueren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 "Le château de Septfontaines: Retour aux origines d'une ère", Le Quotidien, 20 September 2010.(fr)
- ↑ Duncan Roberts, "Château de Septfontaines under Conservation Order", City Magazine Luxembourg, February 2011.
- ↑ Service des sites et monuments nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 11. Februar 2021).