Op den Inhalt sprangen

Sophie Mousel

Vu Wikipedia
Sophie Mousel
Gebuer 31. Mäerz 1991
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Cours Florent
Aktivitéit Filmschauspillerin, Theaterschauspillerin, Televisiounsschauspillerin, Sängerin, Pianistin

D'Sophie Mousel, gebuer den 31. Mäerz 1991[1], ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

D'Sophie Mousel ass zu Dikrech opgewuess. No hirer Première am Lycée classique de Diekirch, wou si och am Schülertheater matgespillt huet, goung si op Paräis, fir op der Sorbonne Lettres moderens ze studéieren wou se 2013 eng Lizenz gemaach huet. Vun 2011 un, ass se du gläichzäiteg an d'Cours Florent gaangen, wou se bis 2015 Schauspill studéiert huet[2][3].

Zanterhier huet s'an enger ganzer Rëtsch vu Film-, Televisiouns- an Theaterproduktioune matgespillt. 2019 an 2022 hat se déi weiblech Haaptroll an der Serie Capitani,[1] fir déi se 2021 de Lëtzebuerger Filmpräis krut. Fir hir Haaptroll am Spillfilm Läif a Séil (2023) gouf si och beim Lëtzebuerger Filmpräis 2025 ausgezeechent.

2026 wäert si als Haapt-Protagonistin an der Serie Droneland ze gesi sinn.

  • 2024: Solitude (EP)

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Fiche op actors.lu.
  2. Sarah Pepin: " 'Ech wëll ëmmer méi'." d'Lëtzebuerger Land Nr. 35, 72. Jg. 29.08.2025, S.14-15.
  3. Sophie Mousel Fiche d'Artiste