An zéro - Comment le Luxembourg a disparu

Vu Wikipedia
An zéro - Comment le Luxembourg a disparu
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg,
Däitschland
Produktiounsjoer 2020
Première 7. Mäerz 2020 (Avant-Première)
Dauer 80 min
Faarf Faarweg
Format 1.85:1
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Däitsch
Franséisch
Ekipp
Regie Myriam T.
Julien Becker
Dréibuch Jean Huot
Jonathan Becker
Myriam T.
Fotografie Amandine Klee
Musek Nicolas Becker
Quentin Sirjacq
Produktiouns-
gesellschaft
Skill Lab
Norddeutscher Rundfunk (NDR)
Schauspiller
Luc Schiltz als Hervé Fischer
Fabienne Hollwege als Sonia Fischer
Sophie Mousel als Emma
Joël Delsaut als Nico
Denis Jousselin als Jean-Luc Hauduet
Monique Reuter als Catherine
Charlotte Sweerts als Julie Fischer
Gaspard Calimente Colla als Théo Fischer
Brigitte Urhausen als Kathy
Elsa Rauchs als Valérie
Nilton Martins als Fab
Konstantin Rommelfangen als Schoulmeeschter Philippe
Céline Camara als Céline
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

An zéro - Comment le Luxembourg a disparu ass eng Doku-Fiktioun vun der Myriam Tonelotto (als "Myriam T.") an dem Julien Becker. De Film gouf fir d'éischt 2021 um Luxembourg City Film Festival gewisen.

Den däitschen Titel ass Super-GAU – Die letzten Tage Luxemburgs.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

D'Atomzentral vu Cattenom ass explodéiert; ganz Lëtzebuerg gëtt onbewunnbar. Gewise gëtt wéi d'Leit a Politik onmëttelbar drop reagéieren, an och, als fiktionaliséiert Reportagen, dräi Joer dono, wéi s'a Flüchtlingscontaineren an den Nopeschlänner liewen...

Fir de Film goufen ë. a. interviewt: Den Energieminister Claude Turmes, d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, de President vum Wirtschafts- a Sozialrot Jean-Jacques Rommes, déi fréier Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges an de Verfassungsjurist Luc Heuschling.

Produktioun vum Film[änneren | Quelltext änneren]

D'Iddi fir de Film ass 2015 entstanen, wéi de Lëtzebuerger Staat Iod-Pëlle fir all Stot am Land verdeelt huet, fir de Fall vun enger Nuklearkatastroph zu Cattenom. D'Dréibuchauteuren hunn d'Iddi der Produktiounsgesellschaft Skill Lab virgeschloen, déi de Projet gutt fonnt hunn a fir seng Entwécklung finanziell Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Filmfong kruten. De Film krut am Ganzen ronn 120.000 Euro fir d'Dréibuch ze entwéckelen.[1][2][3] Zousätzlech krut Skill Lab am Februar 2018 eng finanziell Ënnerstëtzung vun enger Millioun Euro fir d'Produktioun vum Film accordéiert,[4] déi spéider op 1.157.607 Euro erhéicht gouf.[5]

D'Ko-Regisseurin Miriam Tonelotto ass Ufank 2019 bei d'Ekipp derbäikomm an d'Pre-Produktioun vum Film huet Ufank 2020 ugefaangen.[6][7]

De Film hat e Budget vun 1,4 Milliounen Euro, woubäi och d'Entwécklung vun enger App fir de Film enthalen ass.[8] Déi App war fir eng fiktiv Zeitung, Infos Grande Région, déi den Dag vun der Fernseepremière op Arte reegelméisseg Neiegkeeten iwwer d'Evenementer an der Atomzentral bruecht huet.

An zéro war den éischte Film, deen zu Lëtzebuerg nom éischte Lockdown wéinst der COVID-19-Pandemie am Fréijoer 2020 gedréint gouf.[8][9]

D'Ko-Regisseurin Miriam Tonelotto war net mam Montage vun der leschter Fassung vum Film averstanen, a wollt dowéinst och net, datt hiren Numm am Film steet. Dowéinst steet si just als 'Myriam T.' am Générique. Si sot, d'Produzenten hätten Informatiounen erausgeschnidden, ënner anerem den Numm "Cattenom" an d'Referenz op de Bedreiwer EDF, fir net vun deem verklot ze ginn, an d'Erkläerung, datt de forcéierten Exil méi schlëmm wier wéi de GAU selwer, an dat hätt déi däitsch Atomkraaftgéigner kéinten agacéieren. D'Ko-Regisseurin gesäit dat als Zensur an huet sech géint de "sensationalisteschen Toun" vun der ausgestraalter Filmfassung ausgeschwat, a gesot, de Film wier onwëssenschaftlech a géif Lëtzebuerg express an e schlecht Liicht setzen. Dowéinst géif si eng zweet Versioun op Youtube publizéieren.[7][10][11][12]

Der Miriam Tonelotto hir Accusatioune iwwer Zensur a Sensationalismus goufe vum Ko-Regisseur Julien Becker an engem Communiqué vehement bestridden. De Projet wier esou ëmgesat gi, wéi en ursprénglech geplangt gewiescht wier.[13]

Exploitatioun a Präisser[änneren | Quelltext änneren]

An zéro hat seng Avant-Première um Lux Film Fest de 7. Mäerz 2020. Duerno gouf de Film den 21. Abrëll 2021 an der däitscher Synchronfassung op Arte Däitschland, an an der franséischer Synchronfassung op Arte Frankräich gewisen. Am Dezember 2021 gouf en och op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen.

En ass am November 2021 och um kanadesche Festival de films francophones Cinemania zu Montréal gelaf.

De Film gouf um Lëtzebuerger Filmpräis 2021 mam Präis fir dee beschten Documentaire, Kategorie Laangfilm, ausgezeechent.[14]

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Joël Adami, Woxx:[15]

„An Zéro“ [...] stellt viele spannende Fragen, verzichtet jedoch darauf, endgültige Antworten zu geben. Weder das Chaos der Evakuierung noch die Identitätsfindung Jahre nach dem Unfall werden wirklich gezeigt, denn dazu nehmen die Aussagen der Expert*innen zu viel Raum ein. Hier wäre es wünschenswert gewesen, wenn mehr von dem Diskutierten auch in den Spielfilmszenen gezeigt worden wäre. Ein sehenswertes Gedankenexperiment, das von hervorragenden Schauspieler*innen getragen wird, ist „An Zéro“ jedoch allemal.

Guilhem Caillard, cineuropa.or:[16]

La force du film réside aussi dans les allers-retours permanents entre les séquences fictionnelles et les témoignages réels d'experts. [...] Pointus, fascinants, voire effrayants, les commentaires des intervenants confèrent une épaisseur supplémentaire à l'entreprise inédite de An Zéro. Accompagnées par des animations 3D reprenant l'esthétique du cinéma d'anticipation, ces entrevues sont mises en scène avec originalité et humour.

Harald Keller, Frankfurter Rundschau:[17]

Das Themenspektrum umfasst soziologische, historische, medizinische Aspekte, bedeutsame und wichtige Beiträge, zwar optisch ambitioniert, leider aber doch eher spröde eingerichtet. Es wird viel erklärt und wenig gezeigt. Dramaturgisch unglücklich, dass auf die filmische Exposition bereits eine lange Wortstrecke eingefügt wurde, ehe in der achtzehnten Minute der Schnitt zurück zum fiktionalen Geschehen erfolgt. [...] [D]ie dargebotenen Inhalte sind von allgemeinem Interesse. Die Fachleute sprechen auch Fragen an, die man bei dieser Thematik vielleicht nicht unbedingt erwartet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions juillet 2016
  2. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions février 2017
  3. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions septembre 2017
  4. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions février 2018
  5. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions février 2020
  6. cineuropa.org: Julien Becker • Co-réalisateur de An Zéro – Comment le Luxembourg a disparu vum Guilhem Caillard (6. Abrëll 2021)
  7. 7,0 7,1 Ecole de la Guerre Economique: La guerre de l'information autour du docu-fiction diffusé sur ARTE: « An zéro, comment le Luxembourg a disparu » vum Aurore Martinez (18. Mee 2021)
  8. 8,0 8,1 Marc Thill: "Film streicht Luxemburg nach Atomunfall von der Landkarte." wort.lu, 06.03.2021.
  9. 5minutes.rtl.lu: Et si Cattenom rayait le Luxembourg de la carte? vum Jérôme Didelot (20. Abrëll 2021)
  10. Bill Wirtz: "Exclusive: 'An Zéro' - ARTE film disavowed by its own director." journal.lu, 8 April 2021.
  11. journal.lu: EXKLUSIV: „An Zéro“ - ARTE-Film wird von eigener Regisseurin kritisiert vum Bill Wirtz a Misch Pautsch (8. Mäerz 2021)
  12. paperjam.lu: Cattenom: la vérité qui dérange Arte vum Thierry Labro (21. Abrëll 2021)
  13. Communique vum Julien Becker, den 18. Abrëll 2021 op Facebook
  14. "Palmarès de la 9e édition du Lëtzebuerger Filmpräis." Communiqué op gouvernement.lu, 27.11.2021.
  15. woxx.lu: LuxFilmFest: An Zéro – Comment le Luxembourg a disparu vum Joël Adami (5. Mäer 2021)
  16. cineuropa.or: Critique: An Zéro – Comment le Luxembourg a disparu vum Guilhem Caillard (8. Mäerz 2021)
  17. fr.de: Arte-Spielfilm „Super GAU – Die letzten Tage Luxemburgs“: Pure Panik vum Harald Keller (21. Abrèell 2021)