Brigitte Urhausen
Brigitte Urhausen | |
---|---|
Gebuer |
7. Februar 1980 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Hochschule für Musik und Darstellende Kunst Stuttgart |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Lauschterspillspriecher |
D'Brigitte Urhausen, gebuer de 7. Februar 1980[1][2] an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin a Lauschterspill-Spriecherin.
Si huet op der Hochschule für Darstellende Kunst zu Stuttgart hir Ausbildung gemaach. No éischten Engagementer zu Lëtzebuerg, am Staatstheater Stuttgart an am Theater Magdeburg gouf si 2004 beim Pfalztheater zu Kaiserslautern engagéiert. Dono hat si Engagementer beim Badischen Staatstheater Karlsruhe a beim Staatstheater Mainz[3]. Si trëtt weiderhi geleeëntlech op Lëtzebuerger Bünen, an a Filmer an Tëleesfilmer op. Ausserdeem hëlt si Lauschterspiller fir den SWR op an ass Speakerin op Arte[4].
Zanter 2013 ass si Spriecherin fir d'Roll vun der Kommissärin Amalie Gentner an an den Tatort-Lauschterspiller déi vum Saarländische Rundfunk produzéiert ginn[5]. Vun 2020 u spillt si d'Kommissärin Esther Baumann am Ermëttler-Team an den Tatort-Episoden, déi och vum Saarländische Rundfunk produzéiert ginn[3].
D'Brigitte Urhausen wunnt an der Südpfalz.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 2004: Tatort - (TV-Serie) - Episod: Der Frauenflüsterer vum Kaspar Heidelbach
- 2004: Nuit amère vum Pol Cruchten
- 2005: Tantalus vum Christian Schwochow
- 2010: Tabu - Es ist die Seele ein Fremdes auf Erden vum Christoph Stark
- 2010: Isabelle vum Ben Sombogaart
- 2012: Doudege Wénkel vum Christophe Wagner
- 2012: D'Symmetrie vum Päiperlek vum Paul Scheuer a Maisy Hausemer
- 2012: Asta vum Olivier Koos (Kuerzfilm)[2]
- 2013: Alle anderen sind nicht gleich anders Documentaire vum Oliver Langewitz[2]
- 2013: Serena vum Eric Lamhène (Kuerzfilm)[2]
- 2014: Verfehlung vum Gerd Schneider[2]
- 2015: Eng nei Zäit vum Christophe Wagner
- 2015: Streik! - 100 Joer fräi Gewerkschaften zu Lëtzebuerg Documentaire vum Andy Bausch[2]
- 2016: Die Nacht der 1000 Stunden vum Virgil Widrich
- 2016: Fils (Son) vum Cyrus Neshvad (Kuerzfilm)
- 2016: Toy Gun vum Marco Serafini
- 2016: Bad Banks[2] Tëleesserie
- 2017: Rusty Boys vum Andy Bausch
- 2017: Mord Ex Machina an der Serie Tatort[2],[6]
- 2017: Dreamland vum Bruce McDonald
- 2017: Tourist vum Jean-Louis Schuller[1]
- 2017: Tel Aviv on fire vum Sameh Zoabi[1]
- 2017: Portraitiste vum Cyrus Neshvad[1]
- 2017: La vie poétique vum Christophe Averlan[1]
- 2018: Das Menschenmögliche (aka Die Notärztin) Tëleesfilm vun der Eva Wolf[2]
- 2018: Marionette vum Elbert van Strien[1]
- 2019: Capitani (TV-Serie) vum Christophe Wagner
- 2020: Tatort - (TV-Serie) - Episod: Das fleißige Lieschen vum Christian Theede
- 2020: Cellule de crise - (Tëleesserie) - (3 Episoden)
- 2020: SOKO Köln (TV-Serie) - Episod: Aufruhr
- 2021: Tatort (TV-Serie) - Episod: Der Herr des Waldes
- 2021: WaPo Bodensee (TV-Serie) - Episod: Mechthild deckt auf
- 2022: Tatort - Episod: Das Herz der Schlange
Theater
[änneren | Quelltext änneren]- 2018: Déi bescht Manéier aus der Landschaft ze verschwannen, vum Guy Rewenig, ënnert der Regie vum Charles Muller[1]
- 2019: Breaking the waves, vum Lars von Trier, ënnert der Regie vun der Myriam Muller[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Serie Lëtzebuerger Acteuren (5) - Wéi verbréngt d'Brigitte Urhausen dës speziell Zäit? op rtl.lu den 30. Abrëll 2020
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 1,7 Brigitte Urhausen op actors.lu, gekuckt den 8. Mäerz 2019
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 2,6 2,7 2,8 Brigitte Urhausen op crew.unites.com, gekuckt den 8. Mäerz 2019
- ↑ 3,0 3,1 "Luxemburger Talent im Saar-'Tatort'. wort.lu, 07.03.2019.
- ↑ eb-agentur Archivéiert de(n) 09.01.2012. Gekuckt de(n) 25.07.2011.
- ↑ Brigitte Urhausen op ard.de de 5. Mäerz 2018, gekuckt den 1. Mee 2020
- ↑ Mord Ex Machina - Besetzung und Stab op daserste.de, gekuckt den 8. Mäerz 2019