Saarländischer Rundfunk

Vu Wikipedia
De Logo vum Saarländischer Rundfunk zënter dem Mee 2023.

De Saarländischer Rundfunk (SR) ass eng däitsch ëffentlech Radios- an Televisiounsinstitutioun mat Sëtz zu Saarbrécken. Si gouf 1957 gegrënnt a spillt zënterhier eng bedeitend Roll an de Medielandschaft vum Saarland. Den SR ass Member vun der ARD.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Sëtz vum SR um Halberg zu Saarbrécken: Loftopnam aus dem Joer 1965.

Den SR ass den 1. Januar 1957 aus dem private Sender Saarländischer Rundfunk GmbH als ëffentlech-rechtlech Institutioun ervirgaangen.[1] De selwechten Dag ass d'Saarland och en Deel vun der Bundesrepublik Däitschland ginn. Zwee Joer méi spéit huet sech den SR dunn der Arbeitsgemeinschaft der öffentlich-rechtlichen Rundfunkanstalten Deutschlands (ARD) ugeschloss.[2] 1961 ass de Fernsee-Journal Aktueller Bericht fir d'éischt op Sendung gaangen.[3]

De Radiossender Europawelle Saar, den haitegen SR 1, goung 1964 op Sendung, als Konkurrent zum Radio Luxemburg. E war och baussent dem Saarland erfollegräich, mat Sendunge wéi Hallo Twen (vum Manfred Sexauer moderéiert), Die deutsche Schlagerparade (vum Dieter Thomas Heck moderéiert) oder Drugstore 1421.[4] Duerno huet den SR nach weider Radiossendere gegrënnt: den SR 3 Saarlandwelle (1980), den SR 2 KulturRadio (1995), de Jugendsender Unserding (1999) an Antenne Saar (2005).

Vun 1969 gouf et fir d'Länner Saarland, Rheinland-Pfalz a Baden-Württemberg e gemeinsame Fernseesender, de Südwest 3. 1998 gouf dunn de separate Sender SR Fernsehen gegrënnt.

Tëscht 1968 an 2003 huet den SR donieft den Televisiounspräis Goldene Europa verdeelt.[5] 1970 gouf um SR den éischten saarlänneschen Tatort diffuséiert.[6] Eng vun den erfollegräichsten SR-Produktiounen och am Rescht vun Däitschland war d'Comedy-Fernseeserie Familie Heinz Becker, déi tëscht 1992 an 2004 iwwer siwe Staffele gelaf ass.[7]

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Missioun vum SR ass et, de sougenannte "Bildungsauftrag" z'erfëllen, andeem en Informatiounen, Bildung an Entertainment fir d'Mënschen am Bundesland bereetstellt.[8] D'Landespolitik, d'Kultur an d'Gesellschaft vum Saarland stinn dobäi am Fokus.

Als ëffentlech-rechtlech Radios- an Televisiounsanstalt finanzéiert sech den SR duerch Cotisatiounen (de "Rundfunkbeitrag"), déi all Stot an Däitschland bezilt. Dat erméiglecht et dem SR, onofhängeg vu kommerziellen Interessen z'agéieren. Als klenge Sender kritt den SR méi Sue wéi déi méi grouss Membere vum ARD.[9]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. sr.de: Der Saarländische Rundfunk wird eine Anstalt des öffentlichen Rechts
  2. sr.de: Der SR wird Mitglied in der ARD
  3. sr.de: Warum die Fernseh-Ansagerin mal "Muh" machte
  4. sr.de: Start der "Europawelle Saar"
  5. sr.de: Goldene Europa (1986)
  6. sr.de: Erster SR-Tatort
  7. sr.de: "Familie Heinz Becker" geht auf Sendung
  8. saarlandinside.de: SR: Musikgeplätscher oder journalistischer Tiefgang? vum Roland Lattwein (22. August 2017)
  9. saarbruecker-zeitung.de: Saarländischer Rundfunk bekommt mehr Geld aus ARD-Finanzausgleich (23. Abrëll 2021)