Carole Dieschbourg

Vu Wikipedia
Carole Dieschbourg
Gebuer 3. Oktober 1977
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vun Tréier
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun, Schrëftsteller
Partei déi gréng

D'Carole Dieschbourg, gebuer den 3. Oktober 1977 zu Ettelbréck[1], ass eng lëtzebuergesch Geschäftsfra a Politikerin (déi Gréng)[2]. Si war vun Dezember 2013 bis den Abrëll 2022 Ministesch fir Ëmwelt, Klima an Nohaltegkeet[3][4] an de Regierunge Bettel-Schneider a Bettel-Schneider-Braz.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

D'Carole Dieschbourg huet op der Universitéit Tréier Geschicht a Germanistik studéiert. Dono huet si fir e LEADER-Projet geschafft an an der Folleg dovun e Buch iwwer d'Millen am Mëllerdall erausginn[5].

Ier si Ministesch gouf, huet si am Familljebetrib, der Dieschbourger Millen, geschafft. Si war vun 2011 bis 2013 am Gemengerot zu Iechternach[6].

Si war bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 eng zweete Kéier Kandidatin fir déi Gréng am Walbezierk Osten. Si gouf net direkt gewielt, ma gouf doropshin, de 4. Dezember 2013, Ministesch fir Ëmwelt an der Regierung Bettel-Schneider.

2015, wéi Lëtzebuerg d'Présidence vu Conseil vun der Europäescher Unioun hat, huet d'Carole Dieschbourg wärend der Weltklimakonferenz zu Paräis d'Positioun vun der EU bei der 21. Vertragsstaatekonferenz koordinéiert.

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf si als Deputéiert an d'Chamber gewielt, huet awer op hiert Mandat verzicht, fir an der Regierung Bettel-Schneider-Braz de Portefeuille vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an Nohaltegkeet z'iwwerhuelen.

Opgrond vun der sougenannter Gaardenhaischenaffär an där si mat verwéckelt sollt sinn, huet se den 22. Abrëll 2022 hir Demissioun bekannt ginn an ugekënnegt, sech komplett aus der Politik zeréckzezéien[7]. No engem kuerzen Interim vum Claude Turmes[8][9] huet d'Joëlle Welfring den 2. Mee 2022 de Poste vun der Ëmweltministesch iwwerholl.[10]

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Dieschbourg, Carole (Text) a Christof Weber (Fotoen), 2007: Die Mühlen des Müllerthals oder Les moulins du Müllerthal, Éditions Guy Binsfeld. 220 S. Et ginn eng 80 Mille beschriwwen, mat villen historesche Biller an aktuelle Fotoen. Et gëtt eng däitsch an eng franséisch Editioun.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Christoph Seidler: "Carole Dieschbourg: Europas Stimme auf dem Klimagipfel." Spiegel Online vum 9. Dezember 2015.
  • Jochen Zenthöfer: "Von der Mühle des Getreides zu den Mühlen der Demokratie – Porträt der neuen Ministerin Carole Dieschbourg."" In: Télécran – Das Luxemburger Magazin, Nr. 51/2013, S. 16–19.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Carole Dieschbourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Portal vun der lëtzebuergescher Regierung, gekuckt 15. Juli 2019
  2. Portrait vun der Carole Dieschbourg op politikercheck.lu Archivéiert op 2017-10-11. Gekuckt de(n) 2013-11-29.
  3. D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg demissionéiert. Gekuckt de(n) 22. Abrëll 2022.
  4. Arrêté grand-ducal du 22 avril 2022 accordant démission à Madame Carole Dieschbourg, Ministre. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2022-04-25.
  5. Portrait vum Carole Dieschbourg op editionsguybinsfeld.lu Archivéiert op 2013-10-23. Gekuckt de(n) 2013-11-29.
  6. "Le Conseil communal." op echternach.lu, gekuckt: 2013-12-01.
  7. Grénge Co-Parteipresident confirméiert, Carole Dieschbourg zitt sech komplett aus der Politik zeréck. Gekuckt de(n) 24. Abrëll 2022.
  8. No der Affär "Gaardenhaischen": D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet demissionéiert. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-04-22.
  9. Arrêté grand-ducal du 22 avril 2022 portant attribution temporaire de compétences ministérielles à Monsieur Claude Turmes, Ministre. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2022-04-25.
  10. "Joëlle Welfring soll neue Umweltministerin werden." wort.lu, 27.04.2022.