Skin Walker
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg, Belsch |
Produktiounsjoer | 2020 |
Dauer | 95 min |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Christian Neuman |
Dréibuch | Christian Neuman |
Fotografie | Amandine Klee |
Musek | Michel Flammant |
Produktiouns- gesellschaft |
Calach Films, Caviar Films |
Schauspiller | |
Amber Anderson als Regine Udo Kier als Claus Jefferson Hall als Robert Luc Schiltz als Isaac Luc Feit als Dr. Mantell Sophie Mousel als Rose Marja-Leena Junker als Groussmamm Nicolas Godard als Jacob Sarah Lamesch als Yana | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Skin Walker ass ee lëtzebuergesch-belsche Spillfilm vum Christian Neuman. D'Weltpremière vum Film war um 41. Cairo International Filmfestival an d'Europapremière um Brussels International Fantastic Film Festival. Mëttlerweil ass en op verschiddene Streeming-Plattformen ze gesinn.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]D'Regine, eng jonk Fra, déi mat hirem Frënd Jacob zesummen an der Stad lieft, kritt Besuch vum Robert, deen hir erzielt, datt hir Famill si d'ganz Zäit belunn hätt: Hiren Hallefbrudder Isaac, de Jong vun der Regine hirer Mamm a vum Robert, wier net bei der Gebuert gestuerwen, mee géif liewen, an hätt ewell d'Groussmamm ëmbruecht. D'Regine, dat traumatesch Kandheetserënnerungen ëm d'Gebuert vum Isaac sou gutt wéi méiglech verdrängt hat, decidéiert, zeréck op d'Land an d'Familljenhaus ze fueren, fir där Saach op de Fong ze goen ...
Produktioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Produktiounsgesellschaft Calach Films krut am September 2016 e Subside an Héicht vun 120.000 Euro vum Lëtzebuerger Filmfong accordéiert fir d'Dréibuch vum Film ze entwéckelen.[1] Am Mai 2017 an am Abrëll 2018 krut se zwee weider Subside vu 592.000 Euro an 2,225 Milliounen Euro fir d'Produktioun vum Film.[2][3]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Fiche op IMDb
- Fiche bei Calach Films
- Pablo Chimienti: "Un thriller en plein délire." d'Lëtzebuerger Land, 16.10.2020, och op land.lu.
- ↑ filmfund.lu: Comité de Sélection décisions septembre 2016
- ↑ filmfund.lu: Comité de Sélection décisions mai 2017
- ↑ filmfund.lu: Comité de Sélection décisions avril 2018