A Wopbopaloobop A Lopbamboom

Vu Wikipedia
A Wopbopaloobop A Lopbamboom
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Däitschland
Produktiounsjoer 1989
Première 1989
Dauer 82 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Franséisch
Däitsch
Ënnertitelen: Franséisch, Englesch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Dréibuch Andy Bausch
Armand Strainchamps
Fotografie Klaus Peter Weber
Musek Gast Waltzing
Maggie Parke
Schnëtt Wolfgang Raabe
Produktiouns-
gesellschaft
Frankfurter Filmproduktion fir den ZDF (DE)
Visuals (LU)
Schauspiller
Birol Ünel als Rocco Keipes
Thierry van Werveke als Petz Zamponi
Désirée Nosbusch als Vero Zamponi
Konrad Scheel als Hartmut Keipes
Jochen Senf als Bruno Kurz
Serge Wolff als Daniel
Sabine Berg als Anke Keipes
Geraldine Karier als Ginette
Steve Karier als Bully
Marie-Christine Faber als Mme Zamponi
Fernand Fox als Leo
Patrick Hastert
Fred Junck
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

A Wopbopaloobop A Lopbamboom ass e lëtzebuergesch-däitsche Film vum Andy Bausch aus dem Joer 1989.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Rocco gëtt den 31. Dezember 1962 aus dem Prisong entlooss. Hien dreemt dovun an Amerika ze goen. Virdru wëllt e sech nach doheem zu Diddeleng Sue verschafen, a seng Frëndin Vero besichen. Dee Sylvesterowend geet tragesch op en Enn.

Filmproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Nom grousse Succès vu sengem leschte Film Troublemaker (1988) sinn e puer däitsch Filmproduzenten op den Andy Bausch opmierksam ginn. Produzente vu Frankfurt hunn him dunn ugebueden, e Film fir d'Rei "Das kleine Fernsehspiel" um ZDF ze dréinen. Den Andy Bausch an den Armand Strainchamps, zwéi gebierteg Diddelenger, hunn doropshinn d'Dréibuch fir de Film A Wopbopaloobop A Lopbamboom geschriwwen. Si hu sech un de Filmer vum Elia Kazan an dem Marlon Brando aus den 1960er inspiréiert.[1]

De Film selwer, deen an Zäit vun engem Dag an enger Nuecht zu Diddeleng spillt, gouf an nëmme 15 Deeg am Januar 1989 zu Esch-Uelzecht gedréint, dorënner um Boulevard Aloyse Meyer a virun der Entrée vum Arbed-Site Schëffleng.[1]

En hat seng Fernseepremière den 19. Dezember 1989 um däitschen ZDF.[2]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

De Film ass am September 1989 um Internationale Filmfestival vu San Sebastian gelaf, wou den Andy Bausch den éischte Präis an der Kategorie New Directors krut.[3]

Beim Europäesche Filmpräis 1990 waren dernieft och nach de Gast Waltzing an d'Maggie Parke fir hir Musek an d'Schaupillerin Sabine Berg fir déi bescht weiblech Nieweroll nominéiert.[1]

Triviales[änneren | Quelltext änneren]

Den Thierry van Werveke séngt am Film e Lidd Twist à Luxembourg, dat e richtegen Hit zu Lëtzebuerg gouf.

Den Titel vum Film ass eng Referenz op d'Lidd Tutti Frutti vum Little Richard, dee séngt: "A wop bop-b-luma b-lop bam bom".[4][5]

Zitater aus der geschriwwener Press[änneren | Quelltext änneren]

Photographed in severe, suffocating and inappropriate black and white, the film could undoubtedly yield plenty of striking stills of the sort that induce festival fans to make ticket purchases for which they're later sorry. Even the first few minutes of this film, which involve the sound of dripping water and the sight of a swinging overhead light, are tip-off enough. Later on, there are numerous close-ups of the characters' shoes. There are many long silences and deep shadows.

Bauschs Film ist mit solch autobiographischer Inbrunst konzipiert, dass der Zuschauer das Gefühl bekommt, er störe bei einer privaten Erinnerungsfeier.

  • Hellmut A. Lange, Neue Osnabrücker Zeitung, 21. Dezember 1989:

In sorgfältig und atmosphärisch stimmig ausgeleuchteten Schwarzweissbildern und mit liebevoll-ironischem Witz arrangierten Szenen wurde viel vom "Zeitgeist" der 60er Jahre spürbar....

  • Dieter Deul, Die Welt, 19. Dezember 1989):[6]

Bausch inszenierte jenes moralische Mosaik fern von nostalgischer Verklärung, obgleich er mit den Nöten des amerikanischen Rebellenfilms jongliert, aber nicht kokettiert. Da fährt eine 'Vespa-Clique' ebenso mutig auf den Gleisen dem Zug entgegen,wie James Dean dem Abgrund in '...denn sie wissen nicht was sie tun'.

“A wopbopaloobop a lopbamboom” (1989) [est] de loin le meilleur film de Bausch [...] La photographie en noir et blanc très contrastée, qui joue joliment avec les effets de lumière typiques du film noir, le brouillard épais et une pleine lune un peu abstraite, enveloppent ce récit archétypal mais assez bien raconté, dans un irréalisme poétique qui établit la distance et le regard qui manquent si cruellement ailleurs.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Au bon vieux temps, Luxemburger Wort, vum Thierry Hick, 6. September 2021
  2. filmportal.de (kuckt "Um Spaweck")
  3. sansebastianfestival.com: Fiche vum Film A wopbopaloobop a lopbamboom
  4. Biographie vum Andy Bausch op webartproject.de
  5. Text vun Tutti Frutti op genius.com
  6. Gesammelt Pressstëmmen op webartproject.de
  7. L’homme à la casquette - Un regard sur la carrière d’Andy Bausch, Viviane Thill, Forum Nr. 215, Abrëll 2002, Säit 39-44