Fred Junck

Vu Wikipedia
Fred Junck
Gebuer 26. Mäerz 1942
Lëtzebuerg
Gestuerwen 10. Februar 1996
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur

De Fred Junck, gebuer de 26. Mäerz 1942 zu Lëtzebuerg[1] an och do gestuerwen den 10. Februar 1996, war e Cinephil, Filmsammler a Grënner vun der Stater Cinemathéik.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Fred Junck koum am Alter vun 12 Joer op Paräis an e Pensionat. Do huet e seng Passioun fir de Kino entdeckt an all Fräizäit benotzt, fir an de Kino ze goen. Mat 18 Joer ware seng Kenntnesser iwwer de Film sou grouss, datt en an der Televisiounsemissioun La tête et les jambes, virun 8 Milliounen Nokuckerten, zesumme mat sengem Spillpartner den Haaptpräis vun 100.000 FF gewonnen huet.

En huet seng Première am Lycée Henri IV gemaach, wou hie mam Barbet Schroeder a mam Bertrand Tavernier zesummen an der Klass war, an duerno huet hie Journalismus studéiert.

1968 koum hien zeréck op Lëtzebuerg. 1969 huet hien en Documentaire iwwer den amerikanesche Generol George S. Patton gedréit an als Filmkritiker op der Televisioun an an der geschriwwener Press geschafft. 1969 war e Producteur associé vum Barbet Schroeder sengem Film More, an 1972 dréint e L'Europe en marche, hommage à Robert Schuman.

Vun 1973 u huet de Fred Junck am Kulturministère geschafft. 1975 war en ee vun de Grënner vun der Cinémathèque du Luxembourg A.s.b.l., wou Filmer, déi en doruechter gesammelt huet, gewise goufen. Dës Projektioune goufen am Kino Vox an der Stad gemaach. 1977 ass de Fred Junck an de Service culturel vun der Stad Lëtzebuerg gewiesselt, a knapps duerno gouf d'Cinemathéik als Cinémathèque de la Ville de Luxembourg an d'Strukture vun der Stad integréiert.

De Fred Junck hat elo d'Méiglechkeet, Filmer doruechter opkafen ze kënnen, an huet bannent just e puer Joer eng international unerkannt Sammlung zesummegestallt, déi vun den Hollywood-Klassiker iwwer B-Filmer bis hin zu rare Stommfilmer reecht.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Cinémathèque de la Ville de Luxembourg.

1990 huet en en Dréibuch vun engem Krimi mam Titel Schock Wave geschriwwen, dat awer net verfilmt ginn ass.

De Fred Junck ass 1996 am Alter vun 53 Joer u Kriibs an der Stad verscheet.

Dekoratiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Croix d'Officier des Arts et Lettres de la République française

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Als Produzent[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer de Fred Junck[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Louis Scheffen: Der Mann der zehntausend Filme, Die Warte vum 4. Februar 2021 S. 6-8

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Geburt vum Alfred Junck am Luxemburger Wort vum 17. Abrëll 1942