Diskussioun:Fred Junck

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fir säin obligatoresche Militärdéngscht ze maachen, koum hien 1968 zréck op Lëtzebuerg.

Da kann net sinn, well den obligatoresche Militärdéngscht gouf 1967 ofgeschaaft. --2A02:A03F:A199:6C00:6800:D665:49D7:8DC 22:33, 18. Okt. 2022 (UTC)[äntweren]

Moien, good point. Ech gesinn, ech hat dat geschriwwen, an de Kannerjore vun der Wiki, wou et leider nach net Usus war, eng Quell unzeginn. An ech weess net méi, wourop ech mech do baséiert hat. Eng Erklärungsméiglechkeet kinnt sinn, dass den Déngscht ofgeschaaft gi war, ma d'Aberuffung vum Här Junck just virdru gemaach gouf. Wéi och ëmmer, ech huelen dat emol eraus, bis mer do méi Quellematerial hunn /erëmfonnt hunn. --Zinneke (Diskussioun) 06:46, 19. Okt. 2022 (UTC)[äntweren]
Moien och, hei eng Quell déi confirméiert datt den obligatoresche Militärdéngscht den 22. Juni 1967 ofgeschaaft gouf. --MMFE (Diskussioun) 09:44, 19. Okt. 2022 (UTC)[äntweren]
Gudde moien all,
Fir een deen 1942 gebuer war, wier den obligatoresche Militärdéngscht 1959/60/61 fälleg gewiescht, ausser e wier nach an enger Schoul (Uni etc.) gewiescht. Et schéngt es awer wéi wann hien deen Déngscht gemaach hätt (cf: Fred Junck avait-il grossi ou maigri durant son service militaire? an engem Artikel vun der Josée Hansen am Lëtzebuergger Land vum 18.12.2003 LINK). Et gëtt awer net preziséiert wéini.
--Les Meloures (Diskussioun) 13:22, 19. Okt. 2022 (UTC)[äntweren]


Mat 18 Joer ware seng Kenntnesser iwwer de Film sou grouss, datt en an der Televisiounsemissioun La tête et les jambes, virun 8 Milliounen Nokuckerten, den Haaptpräis vun enger hallwer Millioun Al Franséisch Frange gewonnen huet.

Firwat al Frangen ? den neie Frang war wéi d'Emissioun war (éischt Emissioun Oktober 1960) scho gutt 10 Méint am Ëmlaf.
de Gewënn war zu zwéin 100.000 Frang, demno wier d'Halschent 50.000 Neier gewiescht op aler ëmgerechent wieren dat 5 Millioune gewiescht an net eng hallef Millioun. --Les Meloures (Diskussioun) 14:48, 19. Okt. 2022 (UTC)[äntweren]