Franséische Frang

Vu Wikipedia
1-Frang

De Franséische Frang ((fr): franc français) (FRF) war vun 1795 bis zur Aféierung vum Euro 2002 déi offiziell Wärung vu Frankräich.

1 Frang war an 100 Centimes ënnerdeelt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De 5. Dezember 1360 koum eng Goldmënz an Ëmlaf, mat engem Bild vum Kinnek Jean II. a mat der Opschrëft Johannes Dei Gratia Francorum Rex (Jean vu Gottes Gnod Kinnek vun de Franken), woubäi dat zweetlescht Wuert als Urspronk vum Numm hänke bliwwen ass.

Ënner dem Directoire gouf de Franc de 7. Abrëll 1795 als Nofollger vun der Livre agefouert an, als éischt Wärung an Europa, dezimal ënnerdeelt (1 Franc = 10 Décimes = 100 Centimes).

1-Frang 1888

Mat der Laténgescher Mënzunioun 1865 gouf den Numm "Franc" och an anere Länner abgefouert, wéi z. B. an der Schwäiz, an der Belsch an zu Lëtzebuerg.

Am 20. Joerhonnert gouf de Franséische Frang dacks ofgewäert. Um Stéchdatum vum 1. Januar 1960 gouf et eng Reform, woubäi zwou Nulle vum Frang gestrach goufen, d.h. 1 nouveau franc 100 anciens francs (deemno 1 Centime) entsprach huet. Och wann de Frang vun 1963 un offiziell just nach franc (an net méi nouveau franc) genannt huet däerfe ginn, hunn d'Fransousen nach Joerzéngten dono gär vun "ale" Frange geschwat, wa s'eng besonnesch grouss Zomm ausdrécke wollten.

De Franséische Frang war och d'Leetwärung vum CFA-Frang (haut ass et den Euro).

Mat der Ratifikatioun vum Traité vu Maastricht, de 7. Februar 1992, stoung fest, datt de Franséische Frang en Deel vun der Europäescher Wärungsunioun sollt ginn. Den 1. Januar 1999 goufen d'Coursë vun all de Wärungen, déi beim Euro matmaache sollten, festgeluecht. 1 Euro huet 6,55957 FRF entsprach.

No der Aféierung vum Euro als Boergeld, den 1. Januar 2002 (kuckt och: Franséisch Euromënzen) konnt een nach bis de 17. Februar 2002 mam Franséische Frang bezulelen. Dono konnten d'Mënzen a Frang nach bis de 17. Februar 2005 bei der Banque de France ëmgetosch ginn, Billjeeën nach bis de 17. Februar 2012 .

Billjeeën[änneren | Quelltext änneren]

Virun der Aféierung vum Euro den 1. Januar 2002 ware Billjeeën am Wäert vun 20, 50, 100, 200 a 500 Francs am Ëmlaf. All bis op dee vun 20 Frang (deen duerch eng Mënz sollt ersat ginn) waren aus enger Serie aus den 1990er Joren.[1]

Wäert Viischt Säit Récksäit Faarf Portrait
20 Francs (≈ 3,05 €)
brong-mof VS: Claude Debussy (1862–1918, Komponist)

RS: E Séi

50 Francs (≈ 7,62 €)
blo VS: Antoine de Saint-Exupéry (1900–1944, Schrëftsteller a Pilot), „Le petit Prince

RS: De Militärfliger „Breguet 14

100 Francs (≈ 15,24 €)
rout VS: Paul Cézanne (1839–1906, Moler)

RS: Nature-morte mat Friichten

200 Francs (≈ 30,49 €)
magenta VS: Gustave Eiffel (1832–1923, Ingenieur)

RS: Ënneschten Deel vum Eiffeltuerm

500 Francs (≈ 76,22 €)
gréng VS: Marie (1867–1934, Physikerin a Cheemikerin) a Pierre Curie (1859–1906, Physiker)

RS: Laboratoiresgeschier

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Franséische Frang – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. FRANCE - BANQUE DE FRANCE op banknote.ws, nogekuckt: 2022-09-03