Antoine de Saint-Exupéry
Antoine de Saint-Exupéry | |
---|---|
Gebuertsnumm | Antoine Jean-Baptiste Marie Roger de Saint-Exupéry |
Gebuer | 29. Juni 1900 |
Gestuerwen |
31. Juli 1944 Mëttelmier |
Doudesursaach | Fligeraccident |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Pilot, Romancier, Kannerbuchauteur, Schrëftsteller, Journalist, Illustrateur, Philosoph |
Den Antoine de Saint-Exupéry, gebuer den 29. Juni 1900 zu Lyon, a gestuerwen den 31. Juli 1944 bei Korsika, war e franséische Pilot a Schrëftsteller. Säi wuel bekanntst Wierk ass De klenge Prënz (Le Petit Prince), wat 1994 vum Josy Braun op Lëtzebuergesch iwwersat gouf.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
No sengem Militärdéngscht bei der franséischer Loftwaff gouf den Antoine de Saint-Exupéry Pilot fir Privatlinnen an Europa an Iwwerséi. Am Ufank vum Zweete Weltkrich gouf hien Test- a Kampfpilot an 1940 ass hien an déi amerikanesch "Airforce" agetrueden. Vun 1943 un war hien an Nordafrika stationéiert an huet vun do aus Opklärungsflich fir d'Alliéiert gemaach. Vun esou engem Fluch a Richtung Korsika koum hien 1944 net méi zeréck.
Op de Mauere vum Panthéon de Paris erënnert eng Inscriptioun un de Saint-Exupéry:
A LA MEMOIRE DE ANTOINE DE SAINT EXUPERY POETE ROMANCIER AVIATEUR DISPARU AU COURS D'UNE MISSION DE RECONNAISSANCE AERIENNE LE 31 JUILLET 1944
Den Antoine de Saint-Exupéry war mat der Consuelo Suncin Sandoval bestuet.
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Saint-Exupéry, Antoine de, 1943a. The little prince. Written and drawn by Antoine de Saint Exupéry, translated from the French by Katherine Woods. New York, Reynal & Hitchcock. 91, [3] p. incl. col. front., ill. (part col.) 23 × 19 cm. [Originaleditioun]
- Saint-Exupéry, Antoine de, 1943b. Le petit prince, avec dessins par l'auteur. New York, Reynal & Hitchcock. 91 p., illus. (part col.) 23 cm. [1. Editioun vum franséischen Originaltext]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Antoine de Saint-Exupéry – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De klenge Prënz a ronn 200 Sproochen
- Zeitungartikelen iwwer den Ofschoss vum Antoine de Saint-Exupéry:
- Geschicht vun der Aviatioun 1903-1940 (fr)