CFA-Frang
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
CFA-Frang ass den Numm vun zwou verschidde Wärungen an Afrika:
- dem Zentralafrikaneschen CFA-Frang (och nach CFA-Franc BEAC, Wärungscode: XAF), an
- dem Westafrikaneschen CFA-Frang (och nach CFA-Franc BCEAO , Wärungscode: XOF).
Déi zwéi Frangen hunn e feste Wiesselcours mam Euro: 100 CFA-Frang = 1 Franséische Frang = 0,152449 Euro; oder 1 Euro = 655,957 CFA-Frang.
Obwuel déi zwéi Frangen de selwechte Wäert hunn, sinn et am Prinzip separat Wärungen, an theoreetesch gëtt den zentralafrikaneschen CFA-Frang net a Länner benotzt, déi de westafrikaneschen CFA-Frang hunn, an ëmgedréint.