Westafrikaneschen CFA-Frang
Ausgesinn
|
| |
| Typ | Wärung, Franc |
|---|---|
| Land | Benin, Burkina Faso, Guinea-Bissau, Elfebeeküst, Mali, Niger, Senegal, Togo |
| ISO-Code | XOF |
| Zentralbank | Zentralbank vun de Westafrikanesche Staaten |
| ersetzt | Franséische Westafrikanesche Franc, Mali-Franc |
|
| |

gréng: Länner, déi de Westafrikaneschen CFA-Frang benotzen
De Westafrikaneschen CFA-Frang (op franséisch franc CFA oder einfach franc, Wärungscode: XUF) ass d'Wärung vu sechs onofhängege Staaten a Westafrika: Benin, Burkina Faso, Côte d'Ivoire, Guinea-Bissau, Mali, Niger, Senegal an Togo.[1]
CFA steet fir Communauté Financière d'Afrique oder Communauté Financière Africaine. E gëtt vun der Bank vun de Westafrikanesche Länner (BCEAO) zu Dakar fir d'Membere vun der Westafrikanescher Wirtschafts- a Wärungsunioun (UEMOA) reegelementéiert.
An Zentralafrika zirkuléiert den Zentralafrikaneschen CFA-Frang, eng aner Wärung, déi awer de selwechte Wäert wéi de Westafrikaneschen CFA-Frang huet.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Westafrikaneschen CFA-Frang – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ bceao.int: Présentation
