Zentralafrikaneschen CFA-Frang

Vu Wikipedia
rout: Länner, déi den Zentralafrikaneschen CFA-Frang benotzen
gréng: Länner, déi de Westafrikaneschen CFA-Frang benotzen

Den Zentralafrikaneschen CFA-Frang (op franséisch franc CFA oder einfach franc, Wärungscode: XAF) ass d'Wärung vu sechs onofhängege Staaten an Zentralafrika: Equatorialguinea, Gabun, Kamerun, Republik Kongo, Tschad an Zentralafrikanesch Republik. Zesummen hunn déi Länner eng Bevëlkerung vun ronn 45 Millioune Leit (Stand: 2013).

CFA steet fir Coopération financière en Afrique centrale. E gëtt vun der Bank vun den Zentralafrikanesche Länner (BEAC) fir déi sechs uewegenannt Memberlänner vun der Zentralafrikanescher Wirtschafts- a Wärungscommunautéit (CEMAC) erausginn. A Westafrika zirkuléiert de Westafrikaneschen CFA-Frang, eng aner Wärung, déi awer de selwechte Wäert wéi den Zentralafrikaneschen CFA-Frang huet.