Vox (Kino)
De Vox ass e Kinossall an der Stad Lëtzebuerg, op der Theaterplaz, an deem d'Stater Cinemathéik hir Filmprojektioune mécht.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1928 huet déi kathoulesch Association de la Sainte famille ugefaangen, am Jugendhaus op der Theaterplaz an engem Sall vum Redemptoristeklouschter Filmvirféierungen z'organiséieren.[1] De Sall gouf fir d'éischt Kino Jugendheim, duerno Cinéma catholique, an du vun 1931 un Ciné Asfa genannt ("Asfa" steet fir Association de la Sainte famille). Am Volleksmond gouf e meeschtens einfach Patrekino genannt. Zil vu kierchlecher Säit war et fir dem "schlechten neuheidnischen Film" e "guten katholischen Film" entgéintzesetzen (sou de Jean Bernard 1928 am Luxemburger Volk)[2]. D'Bedreiwer haten et net einfach, fir engersäits dësem Zil gerecht ze ginn, anerersäits genuch Leit an de Kino ze kréien, fir datt e sech géif rentéieren, an hunn dofir alt misse Waasser an hire Wäi schëdden. Filmkritiker an d'Konkurrenz hunn dem Luxemburger Wort weiderhi virgeworf, an hire Filmkritike Filmer, déi am Asfa gelaf sinn, däitlech deenen aus anere Säll ze bevirdeelegen.
An der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich, 1940-1944, gouf de Kino an e Soldatenkino ëmfunktionéiert.
1948 huet de Patrekino, deen nach ëmmer de Redemptoriste-Patere gehéiert huet, als Ciné-Vox seng Dieren nees opgemaach. E gouf ewell vun der Centrale catholique du film et du livre bedriwwen. Bis 1953 sollt d'Programmatioun, de Bedreiwer no, sech u Kanner riichten; déi gewise Western, Krimien a Serie-B-Aventurefilmer waren awer net op der Héicht vun de Virsätz. Dofir huet vun 1954 e Filmkritiker am Wort, de Lucien Maas, als Benevole d'Programmatioun an d'Hänn geholl. Hien huet aus der Nout - nämlech datt de Vox nëmmen déi Filmer huet kënne spillen, déi déi aner Kinoen net wollten, oder awer Reprisen - eng Dugend gemaach, a sech op Klassiker vun den 1930er bis 1950er Jore spezialiséiert. Domat huet e sech e Stammpublikum vu Cinéphilen opgebaut.
Mä 1963 huet den allgemenge Réckgang vun de Kinoszuschauer wéinst der Verbreedung vun der Televisioun dem Vox d'Genéck gebrach, an en huet missen zoumaachen, well en net méi rentabel war.
Nieft der normaler Programmatioun gouf et am Sall vum Vox zousätzlech, vun 1953 un, de Cinéclub Forum, dee vum Lucien Maas a Pierre Frieden op d'Bee gesat gi war, fir dem Cinéclub vun der (lénkser) Assoss e chrëscht-kathoulescht Géigegewiicht ze setzen.[3] An den 1960er Joren huet e weidere Filmclub, de Ciné-Cub Ons Equipe, dee vun der Jeunesse étudiante catholique (JEC) bedriwwe gouf, de Sall vum Vox fir seng Projectioune benotzt.
1975 huet de Ciné-Club 80 (CC80) ugefaangen, am Vox seng Filmer ze weisen. Am selwechte Joer gouf d'Stater Cinemathéik gegrënnt, déi och do hir Projektioune gemaach huet. Well souwuel de CC80 wéi och d'Cinemathéik wollten hir Aktivitéiten ausbreeden, mä dat an engem an dem selwechte Sall ëmmer méi schwéier gouf, hunn d'Leit vum CC80 1983 decidéiert, en eegene Kino opzemaachen: den Utopia um Lampertsbierg. Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Utopia (Kino).
Zanterhier huet d'Cinemathéik de Sall fir sech, a kann d'ganz Woch duerch am Vox hir Programmatioun weisen.
De 6. September 2018 gouf d'Gebai als nationaalt Monument klasséiert.[4]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Wou net anescht uginn, ass d'Quell Paul Leesch: "Le 'Patrekino' (1928-1963)" in: ons stad 69/2002, S.24-28.
- ↑ Luxemburger Volk, 19.5.1928, zit. no Leesch "Le 'Patrekino'".
- ↑ Quell, vun hei un, wou net anescht uginn: Paul Leesch: "Le Vox et les ciné-clubs (1954-1983)", in: ons stad 69/2002, S.28-29.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).