Jean Bernard (Paschtouer)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jean Bernard)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Geeschtlechen a Schrëftsteller Jean Bernard. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Bernard.
Jean Bernard
Gebuer 13. August 1907
Lëtzebuerg
Gestuerwen 1. September 1994
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller, kathoulesche Priister


De Jean Louis Joseph Bernard gebuer den 13. August 1907 Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 1. September 1994 och do, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Schrëftsteller a vun 1944 bis 1958 Chefredakter an Editeur vum Luxemburger Wort.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première (1925) am Kolléisch huet de Jean Bernard zu Léiwen, an um Séminaire zu Lëtzebuerg studéiert a gouf 1933 zum Paschtouer geweit. Duerno huet en en Doktorat an der Philosophie gemaach.

Do donieft louch säin Intressi beim Film: Zanter 1929 huet hie sech an der internationaler kathoulescher Filmaarbecht engagéiert, an 1934 gouf e Generalsekretär vun der internationaler kathoulescher Filmorganisatioun OCIC fir d'Belsch a fir Lëtzebuerg. Als jonke Seminarist hat hien 1932 selwer e Film gedréit, deen awer net fäerdeg gouf: Mat Läif a Séil am Seminaire.

De 6. Januar 1941 gouf de Jean Bernard vun der Gestapo verhaft an den 19. Mee an d'Konzentratiounslager Dachau bruecht. Am Februar 1942 krut hien iwwerraschend 9 Deeg "Congé" vum KZ. A sengen Erënnerunge steet wéineg doriwwer; de Bernard freet sech doran, ob de Grond dora louch, datt 6 Paschtéier sollte 'gelackelt' ginn, sech ëffentlech den Nazien z'ënnerwerfen. Hie schreift: "Das wäre ein Propagandaerfolg. Sechs Luxemburger Geistliche kehren 'umgeschult' aus Dachau zurück! War das die Erklärung für meinen unerhörten Urlaub?" Well de Jean Bernard refuséiert hat ze collaboréieren, huet e missen hannescht op Dachau. De 5. August 1942 ass en definitiv fräigelooss ginn.

Bis am September 1944, wéi Lëtzebuerg befreit gouf, huet de Jean Bernard zeréckgezunn an engem Klouschter gelieft. Duerno gouf en zum Chefredakter an Editeur vum Wort ernannt.

1945/46 huet e seng Erliefnesser an enger Artikelserie am '“Wort” ënner dem Titel: Dachau. Aus dem Tagebuch eines Sträflings verëffentlecht[1], duerno och an engem Buch mam Titel Pfarrerblock 25487. Dëst Buch liwwert d'Grondiddi vum Volker Schlöndorff sengem Film Der neunte Tag, deen am November 2004 erauskoum.

De Jean Bernard war vun 1947 bis 1972 President vum OCIC (haut: SIGNIS,. Hie gouf 1955 zum Éierendoumhär vun der Kathedral zu Lëtzebuerg ernannt. 1958 huet hie seng Aarbecht als Editeur wéinst gesondheetleche Problemer opginn, mä weider an der Redaktioun geschafft.

1970 gouf de Jean Bernard vum Poopst Paul VI. zum Éiereprelat ernannt.

Hie war Conseiller vun der peepstlecher Kommissioun fir Film, Radio an Televisioun; fir dat Zweet Vatikanescht Konzil war e Member vum Aarbechtssekretariat fir Press, Film, Radio an Televisioun an e war President vun der Kommissioun fir déi verfollegt Kierch bannent der Konferenz vun den Internationale Kathouleschen Organisatiounen.

Dekoratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Bernard, Jean: Pfarrerblock 25487 : Dachau 1941-42. Vierte Auflage. Éditions Saint-Paul, Luxemburg 2004, 206 S., ISBN 2-87963-286-2
  • Dostert, Paul: Jean Bernard, 1907-1994. In: 400 Joer Kolléisch, Band II. Éditions Saint-Paul, Luxembourg 2003, S. 403-404. ISBN 2-87963-419-9.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort: 19. Mee 1945 bis 4. Juni 1946.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]