Utopia (Kino)

Vu Wikipedia
De Kino Utopia

De Kino Utopia, deen zanter 2015 zum Kinepolis Group gehéiert, huet seng Dieren de 15. Dezember 1983 an der Avenue de la Faïencerie, um Lampertsbierg an der Stad opgemaach. An enger aler Garage hate Membere vum Ciné-Club 80 e klenge Kinossall ageriicht. Am Sall haten 145 Spectateure Plaz.

Ee Sall ass net duergaangen, sou dat schonn am Mee 1985 een zweete Sall opgemaach ginn ass. Dëse Sall hat Plaz fir 79 Leit.

Den Erfolleg vum Kino Utopia war sou grouss datt kuerz duerno schonn erëm vu Vergréisserung rieds war. De 14. Dezember 1989 waren d'Ëmännerunge fäerdeg, an den Utopia hat du 5 Säll zur Dispositioun. Déi nei Säll, déi zesumme 770 Plazen haten, ware mat de modernste Projektiounsapparaten an Tounanlagen ekipéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]