Kriminalroman

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Krimi)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Kriminalroman ass eng literaresch Gattung, déi sech zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert staark entwéckelt huet an haut Millioune vu Lieser fënnt. De Begrëff ass mat Krimi, Kriminalerzielung a Kriminalliteratur gläichzesetzen.

D'Kriminalliteratur beschäftegt sech mat der Opklärung, der Verfolgung an der Bestrofung vun engem Verbriechen, net mat dem Verbriechen u sech. D'Ursaachen an d'Ëmstänn vum Verbrieche si Géigestand vun der Verbriecherliteratur.

Systematik a Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Allgemeng gëtt d'Kriminalliteratur als eng iewescht Kategorie, eng literaresch Gattung, ugesi mat den Ënnerdeelungen Detektivgeschicht a Thriller. Et handelt sech dobäi ëm idealtypesch Kategorien, deenen déi reell Texter méi oder wéineger entspriechen. Ee Konsens vu Fachleit ass net direkt fonnt ginn an et gëtt och haut nach Fuerscher, déi hir Konzepter a Terminologien anescht gesinn.

Historesch huet de Kriminalroman mat der Detektivgeschicht ugefaangen, wann een eng Rëtsch vu fréie Formen hei ausser uecht léisst. Dem Amerikaner Edgar Allan Poe seng dräi Detektivgeschichten[1] ginn als Prototyppen ugesinn. Et gëtt gesot, dat de Poe och de Begrëff vum detective an déi englesch Sprooch agefouert huet. Et war den Englänner Wilkie Collins, dee mat sengen dräi Kriminalromaner[2] d'Traditioun vun der mysteriéiser Detektivgeschicht begrënnt huet, déi iwwert den Arthur Connan Doyle bis d'Agatha Christie weider gefouert gouf. Déi zwee lescht Auteure waren aussergewéinlech erfollegräich. Vum Agatha Christie sollen iwwer zwou Milliarde Bicher an der ganzer Welt verkaf gi sinn.

Den Detektivroman erzielt ëmmer zwou Geschichten, déi vun der Ermëttlung vum Täter, dofir och Whodunit an déi vum Verbrieche selwer, déi gëtt awer vun hannen no vir, also analytesch, erzielt: Fir d'éischt geschitt de Muerd, da ginn d'Ëmstänn dovun erzielt an zum Schluss d'Motiv mam Täter.[3]

Déi klassesch britesch Form vun der Detektivgeschicht, mat dem elitäre Spleen vun der Detektivfigur an dem realitéitsfrieme Plot, hunn tëschent den zwee Weltkricher an Amerika ee Géigenentworf provozéiert: Den hard-boiled-detective. Dashiel Hammet a Raymond Chandler sinn déi grouss Nimm déi hir Detektiven, e lauter haart Kärele mat engem Klabes an der Täsch a genuch Whisky am Blutt, géint eng korrupt Gesellschaft an den amerikanesche Groussstied untriede loossen, well si nach e Fonke vu Gerechtegkeet a Respekt virum Gesetz am Leif hunn. Wat dat am Detail ass, bestëmmen d'Helde selwer. – Eng nei Form vu der Gattung Western? Den hard-boiled-detective ass ee Kand vu senger Zäit, der grousser ekonomescher Depressioun an der Prohibitioun an den USA. Den Held am Thriller, dee vum hard-boiled-detective inspiréiert gëtt, ass grad esou ee Kand vu senger Zäit, dem Kale Krich. Dem Ian Fleming säi Superheld James Bond ass dat bescht Beispill fir dës Ënnergattung vum Kriminalroman.

De Thriller gëtt net analytesch mä synthetesch a chronologesch erzielt. Dës zäitlech Linearitéit ka vu kuerze Réckblécker an d'Vergaangenheet oder Ausblécker an d'Zukunft ënnerbrach ginn. Et geet éischter ëm Aktioun wéi ëm Reflexioun. Et muss awer net onbedéngt esou gewalteg hiergoe wéi beim "007", wéi een beim Patricia Highsmith[4] liese kann. D'Spannung am Thriller gëtt mat enger Course tëschent dem Held a sengem Géigespiller opgebaut: Wiem geléngt wéi, säin Zil z'erreechen, an den anere Meeschter ze ginn?[5]

Déi meescht Krimie loosse sech am Spektrum tëschent dësen Idealtyppen aklasséieren. Dobäi gi verschidden Aspekter wéi d'Kombinatioune vun den Typen, déi thematesch Differenzéierungen an déi realistesch Erweiderunge mat berécksiichtegt, fir de gewalteg grousse Raum vun der Kriminalliteratur z'erfaassen. Als thematesch Differenzéierunge léisst sech de Spionage-Thriller an den Polit-Thriller nennen a sécher och nach aner Bindestréch Thrilleren. Bei der Detektivgeschicht dréit et sech éischter ëm realistesch Erweiderunge mat sozialen a psychologeschen Aspekter an virun allem ëm d'Metamorphose vum Detektiv zum Polizist mat sengem forenseschen Apparat. Beim Thriller, deen heefeg an der Ech-Form erzielt gëtt, ass e Perspektivewiessel net méiglech. An enger Kombinatioun vu den béiden Typpen, par contre, kann d'Erzielerperspektiv tëschent dem Detektiv, dem Affer, dem Täter an anere Figure wiesselen, wouduerch d'Konvergenz vu verschiddenen Erzielungen an engem Roman méiglech gëtt. Schlussendlech soll och nach op Hybrid Forme vu Kriminalroman an historeschem Roman oder aneren Typpen higewise ginn.[6]

De Kriminalroman ass eng literaresch Gattung, an där déi eenzel Typpe vu Roman hiert spezifescht Schema hunn, nodeem d'Erzielung opgebaut gëtt. Doduerch ginn d'Figure funktionell bestëmmt: den Detektiv, de Polizist, d'Affer, den Täter, den Zeien asw. Hei bidden sech eng Rei vu Stereotyppen un, wéi Geschlechterroll, Altersgrupp, sozioekonomesch a berufflech Positioun, fir Konzepter vu Figuren z'entwerfen. Jee wéineger een Auteur dovu profitéiert, desto méi Individualitéit kritt seng Figur. Op de Lieser sech dann nach mat hir identifizéiere kann, gëtt dann ee Problem.[7]

D'Kriminalromaner op Lëtzebuergesch[änneren | Quelltext änneren]

Iwwersetzungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Dräi Krimië vum Simenon, op lëtzebuergesch iwwersat vum Pol Tousch. (Iwwersetzung vun: L'amoureux de Madame Maigret, Les nouvelles enquêtes de Maigret, Le pendu de Saint-Pholien), 1991

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Buchloh, Paul G. & Becker, Jens P. (1990). Der Detektiv-Roman. 4. Aufl. Darmstadt: WBG
  • Kniesche, Thomas (2015). Einführung in den Kriminalroman. Darmstadt: WBG
  • Martínez, Mathías (2011): Figur: In: Martínez, Mathías (Hrsg.) (2011). Handbuch der Erzählliteratur. Theorie, Analyse, Geschichte Stuttgart: J.B.Metzler
  • Nusser, Peter (2009). Der Kriminalroman. 4. Aufl. Stuttgart: J.B.Metzler

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. The Murders in the Rue Morgue (1841); The Mistery of Marie Rogêt (1842);The Purloined Letter (1844).
  2. The Woman in White (1860); The Moonstone (1868); The Law and the Lady (1875).
  3. Kniesche, Thomas (2015) S. 14f
  4. The talented Mr Ripley
  5. Kniesche, Thomas (2015) S. 15f
  6. Kniesche, Thomas (2015) S. 17-19
  7. Martínez, Mathías (2011). S. 148

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]