James Bond

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
██ Länner, déi de Bond a senge Filmer besicht huet a wou och gedréit gouf.██ Länner, déi de Bond a senge Filmer besicht huet, wou awer net gedréit gouf.██ Länner, déi de Bond a senge Filmer net besicht huet, wou awer gedréit gouf.

De fiktive Filmpersonnage James Bond ass e sophistikéierte britesche Spioun, deen erfonnt gouf vum Ian Fleming an an deem senge Bicher vierkënnt (spéiderhin och an de Bicher vun : Kingsley Amis, John Pearson, John Gardner, Raymond Benson an, zanter kuerzem, Charlie Higson).

De Fleming huet säi Personnage nom amerikaneschen Ornitholog James Bond benannt an huet spéider der Fra vun deem Mann an engem Bréif geschriwwen : "[his] brief, unromantic, Anglo-Saxon, and yet very masculine name was just what I needed". De Bond huet de Codenumm "007", deen "double-ou seven" ausgeschwat gëtt. Den "double-oh" heescht datt hien d'licence to kill huet; et ass d'Autorisatioun op senge Missioune Leit ëmzebréngen. Vum James Bond gëtt et eng Serie vu Filmer, déi vun EON Productions gemaach si ginn, déi e grousse Succès kennt. D'Majoritéit vun deene Filmer gouf vum Albert R. Broccoli a vum Harry Saltzman gemaach. Spéiderhin huet dem Broccoli seng Duechter, d'Barbara Broccoli an säi Stéifjong, de Michael G. Wilson, weidergefuer. D'Filmer goufe gréisstendeels vun United Artists oder MGM op de Marché bruecht. Et gëtt och eng Rei vu Videospiller déi op Filmer baséieren an e puer mat Original-Skripte mat dem Personnage.

Den "James Bond" ass d'populär Kultur an an de populäre Langage integréiert ginn, am engleschsproochege Raum soen d'Leit wann se eppes futuristesches wëlle beschreiwen: "right out of James Bond", "James Bond style security", asw.

Déi vill a verschidde James Bond-Romaner a -Filmer hunn, mat de Joren, de Stil geäennert : vu realistesche Spionagedramaen op Science Fiction.

Wien ass den James Bond?[änneren | Quelltext änneren]

Den zentrale Personnage, den James, ass de Jong vun engem schottesche Papp, dem Andrew Bond, an enger schwäizer Mamm, der Monique Delacroix, déi schonn allenzwee dout sinn, duerch Accidenter beim Klammen an de Bierger, zu där Zäit wou d'Bicher spillen. Den James ass kuerz an d'Schoul gaangen op den Eton College, mä no enger Libesbezéiung ass hien do erausgeworf ginn an dunn op de Fettes College a Schottland gaangen.

An de Filmversioune vum Personnage, huet de Bond de Diplom an orientalesche Sprooche vun der Cambridge University, obwuel dat à l'encontre vun den Informatiounen an de Romaner geet an der Zeen am Film Tomorrow Never Dies geet wou de Bond et net fäerdeg bréngt e Computer mat chineseschem Clavier ze benotzen. De Bond kann also fléissend Russesch schwätzen. Hie behaapt am Film The World is Not Enough datt hien déi Sprooch zu Oxford geléiert huet, an et kann een hien an de verschiddene Filmer a ville Sprooche schwätzen héieren. Hie war an der Royal Navy éiert hie bei de Secret Service gaangen ass an huet de miliätaresche Rang vun engem Commander. Den John Gardner huet, a senge Bicher, de Bond promovéiere geloss an de Rang vun engem Captain, mä hie gouf no an no dégradéiert, ouni Erklärungen. An de Bicher genee wéi an de Filmer bestit sech de Bond, mä seng Fra gëtt den Dag vum Bestietness vu sengem gréisste Feind ëmbruecht, dem Ernst Stavro Blofeld; dee Fait huet ëmmer nach eng gewësse Resonanz, an de Bicher genee wéi an de Filmer.

An de Romaner, ass seng eeler schottesch Haushälterin, d'May, déi net nëmmen an de ville Romane vum Fleming ëremkënnt, eng vun den eenzege Konstanten. Mäsi huet sech als genee sou alterslos erausgestallt wéi si a verschiddene vun dem John Gardner senge Romaner opgedaucht ass. D'May ass och e vun deene wéinege Personnagen, déi ëmmer nees an de Bicher opdauchen, deen zwar am literaresche Kanon virkënnt, mä net an de Filmer ze gesinn ass.

Dem Fleming säi Bond gouf 1924 gebuer, huet bei sengem Alter gelunn fir 1941 an der Royal Navy Volunteer Reserve kënne Member ze ginn, an ass um Enn vum Krich "Commander".

De Motto vun der Bond-Famill "Orbis non sufficit" (Latäin fir "D'Welt ass net genuch").

James Bond Bicher[änneren | Quelltext änneren]

Vum Ian Fleming (28. Mee 190812. August 1964)[änneren | Quelltext änneren]

  • Casino Royale (1953)
  • Live and Let Die (1954)
  • Moonraker (1955)
  • Diamonds are Forever (1956)
  • From Russia with Love (1957)
  • Dr. No (1958)
  • Goldfinger (1959)
  • Thunderball (1961)
  • The Spy Who Loved Me (1962)
  • On Her Majesty's Secret Service (1963)
  • You Only Live Twice (1964)
  • The Man with the Golden Gun (1965) Wéinst dem Doud vum Ian Fleming soll den Kingsley Amis deen net ganz fäerdege Roman zu Enn geschriwwen hunn.
  • For Your Eyes Only. Five Secret Occasions in the Life of James Bond (1960) dat aus 5 Kuerzgeschichte besteet.. Nämlech For Your Eyes Only, A View to a Kill, Quantum of Solace, Risico an The Hildebrand Rarity
  • Octopussy an The Living Daylights (1966) am Original. Am Täschebuch ass nach eng drëtt Geschicht dobäi komm The Property of a Lady.

Vum Kingsley Amis (ënner dem Numm "Robert Markham")[änneren | Quelltext änneren]

  • Colonel Sun (1968)

Vum John Gardner[änneren | Quelltext änneren]

  • License Renewed (1981)
  • For Special Services (1982)
  • Icebreaker (1983)
  • Role of Honour (1984)
  • Nobody Lives Forever (1986)
  • No Deals, Mr. Bond (1987)
  • Scorpius (1988)
  • Win, Lose or Die (1989)
  • Brokenclaw (1990)
  • The Man From Barbarossa (1991)
  • Death is Forever (1992)
  • Never Send Flowers (1993)
  • SeaFire (1994)
  • Cold (1996) (an der amerikanescher Editioun Cold Fall )

Vum Raymond Benson[änneren | Quelltext änneren]

Romaner[änneren | Quelltext änneren]

  • Zero Minus Ten (1997)
  • The Facts of Death (1998)
  • High Time to Kill (1999)
  • Doubleshot (2000)
  • Never Dream of Dying (2001)
  • The Man with the Red Tattoo (2002)

Kuerzgeschichten[änneren | Quelltext änneren]

  • Blast from the Past
  • Midsummer Night's Doom
  • Live at Five

Offiziell James Bond Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Filmer mam Sean Connery[änneren | Quelltext änneren]

Film mam George Lazenby[änneren | Quelltext änneren]

Filmer mam Roger Moore[änneren | Quelltext änneren]

Filmer mam Timothy Dalton[änneren | Quelltext änneren]

Filmer mam Pierce Brosnan[änneren | Quelltext änneren]

Filmer mam Daniel Craig[änneren | Quelltext änneren]

Inoffiziell James Bond Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Film mat verschiddene Schauspiller als Bond[änneren | Quelltext änneren]

Film mam Sean Connery[änneren | Quelltext änneren]

Dem Bond seng Meedercher (Bond Girls)[änneren | Quelltext änneren]

D'Komponiste vun der Originalmusek aus de Bond-Filmer[änneren | Quelltext änneren]

  • Dr. No]] (1962): Monty Norman
  • From Russia with Love (1963): John Barry
  • Goldfinger (1964): John Barry
  • Thunderball (1965): John Barry
  • You Only Live Twice (1967): John Barry
  • Casino Royale (1967) Burt Bacharach
  • On Her Majesty's Secret Service (1969): John Barry
  • Diamonds Are Forever (1971): John Barry
  • Live and Let Die (1973): George Martin
  • The Man with the Golden Gun]] (1974): John Barry
  • The Spy Who Loved Me (1977) : Marvin Hamlisch
  • Moonraker (1979): John Barry
  • For Your Eyes Only (1981): Bill Conti
  • Octopussy (1983): John Barry
  • Never Say Never Again (1983): Michel Legrand
  • A View to a Kill (1985): John Barry
  • The Living Daylights (1987) : John Barry
  • Licence to Kill (1989) : Michael Kamen
  • GoldenEye (1995): Eric Serra
  • Tomorrow Never Dies (1997): David Arnold
  • The World Is Not Enough: (1999): David Arnold
  • Die Another Day (2002): David Arnold
  • Casino Royale (2006): David Arnold
  • Quantum of Solace: (2008): David Arnold
  • Skyfall (2012): Thomas Newman
  • D'James Bond Thema: Monty Norman
Commons: James Bond – Biller, Videoen oder Audiodateien