Diskussioun:James Bond

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Huet dé Kaart do e Sënn?? --Cornischong 00:05, 4. Mäe 2008 (UTC)

Wéi ech d'Saach gesinn, ass dat eng Kaart wou a wou net gedréit gouf an/oder wou den JB a sénge Filmer war oder net war. Mä ouni Explikatioun huet se natierlech kee Sënn. --Alexandra 13:29, 4. Mäe 2008 (UTC)
Dat ass elo geschitt.--Fliedermaus 13:53, 4. Mäe 2008 (UTC)


Gëtt hei net de Personnage, d.h. den James Bond selwer, mat de Serie vu Bicher a Filmer e bësselchen duercherneegehäit. --Les Meloures (Diskussioun) 13:00, 12. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]

Déi dräi si schwéier auserneenzehalen, well se vuneneen ofhänken. Et kinnt een theoreetesch d'Filmer als eegenen Artikel behandelen, mee och d'de:-Wiki huet alles beieneen, eebe well alles mat der Figur vum Geheimagent zesummenhänkt. --Zinneke (Diskussioun) 13:43, 12. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]
Also d'Franséisch Wiki krut et hin. Dat mam auserneenhale misst een och beim Superjhemp maachen. --Soued031 (Diskussioun) 13:55, 12. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]
D'Fro ass, wat prinzipiell méi sënnvoll ass: méi kuerz Artikele mat net vill méi wéi Lëschten, oder manner, awer méi laanger, déi ee Sujet méi komplett ofdecken. Ech hu keng eendeiteg Meenung, just, dass wann d'Artikelen auserneegeplëmmt ginn, déi eenzel Komponenten dann och Hand a Fouss mussen hunn, fir eng Daseinsberechtegung ze hunn. --Zinneke (Diskussioun) 14:45, 12. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]
Ech fannen datt am Fall vum James Bond genuch iwwer den Agent selwer ze schreiwe gëtt an datt e kéint gutt vun de Bicher a Filmer ausernee gehale ginn, genee sou wéi aner repetitiv Personnagen aus deene Serien. D'Fro stellt sech och haaptsächlech wéinst de Wikidata wou och ëmmer Duercherneen ass wann d'Sujeten net separat behandelt ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 14:53, 12. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]