Policeroman
De Policeroman huet sech eréischt an den 1950er Joren als eng Ënnergattung vum Kriminalroman entwéckelt an den Detektivroman méi a méi vum Bichermaart verdrängt. Dat wëll awer net heeschen, datt keng Polizisten am Detektivroman virkommen, mee wann, da spille s'eng Nieweroll, wéinstens am engleschen an amerikanesche Krimi. Am franséischen ''roman policier'' ass dat anescht, dofir heescht deen sou, och wa keen eenzege Polizist dra virkënnt.[1]
De Fortschrëtt vum Detektiv op de Polizist läit fir d'alleréischt an der Entwécklung vun der Wëssenschaft an Technik um Gebitt vun der biometrescher Identifikatioun an an der forensescher Traumatologie, Toxikologie a Serologie (Geriichtsmedezin). Den Asaz vun der Kriminaltechnik, wéi d'Ballistik an d'Fangerofdréck, gëtt ëmmer méi wichteg fir d'Ermëttlungsaarbecht vun der Police.
Zousätzlech ass d'Zesummenaarbecht an enger Ekippe, wéinst de komplementare Qualifikatioune vun de professionelle Polizisten, eng organisatoresch Noutwendegkeet ginn, sou datt den Detektiv mat engem kollektiven Held ersat gëtt: De Kommissär a seng Inspekteren.
Säit den 1980er Jore gehéiert den Detektivroman der Vergaangenheet un, an de Policeroman ass d'Zukunft, well deier Apparater nëmme mat engem ëffentleche Budget finanzéiert kënne ginn. De Policeroman ass grad wéi den Detektivroman weiderhin analytesch. Mä elo geet et net méi eleng ëm dem Hercule Poirot seng kleng gro Zellen, mee ëm d'Systematik vum Steve Carella sengem 87. Revéier. Dofir heescht dat neit Schema police procedural novel/detective/school. Dësen Numm huet mam wichtegste Grënner vun där Schoul ze dinn, dem Ed McBain[2], grad sou wéi de Raymond Chandler an den Dashiell Hammet déi de Begrëff vum ''hard-boiled detective'' an d'Welt gesat hunn.
Am Laf vun de Joren ass de Policeroman mat ettleche spatze Bemierkungen, schaarfem Humor, sozialpolitesche Kommentaren ugeräichert ginn. Am Realismus vun den Dialogen a vun den Handlunge souwéi an der humanistescher Astellung vun deene Figure, déi dem Lieser als Identifikatioun ugebuede ginn, ass déi gréisst Variatiounsbreet z'erkennen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Kniesche, Thomas (2015). Einführung in den Kriminalroman. Darmstadt: WB
- MacDonald Erin (2012). Ed McBain/Evan Hunter. A Literary Companion. Jefferson(NC) & London: McFarland