Whodunit

Vu Wikipedia

Whodunit ass e literareschen a virun allem och Filmgenre, bei deem am Mëttelpunkt steet, datt den Haaptpersonnage erausfanne muss, wien "et gemaach" huet (z. B. e Muerd bei engem Krimi). Den Numm kënnt vum engleschen Who [has] done it?

De Géigendeel ass déi invertéiert Detektivgeschicht (heiansdo Howcatchem genannt), bei där vun Ufank u gewousst ass, wien den Täter ass, an d'Spannung dora besteet, wéi en Investigateur (Polizist, Detektiv, ...) him no an no op d'Spur kënnt.