Op den Inhalt sprangen

Attentat (Roman 2024)

Vu Wikipedia
Attentat
Dem Fischbach säi 5. Fall
Buchstyp Kriminalroman
Auteur Jean Schoos
Ursprongsland Lëtzebuerg
Genre Krimi
Erauskomm 19. Abrëll 2024
Verlag Éditions Guy Binsfeld
Serie Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm
Sprooch Lëtzebuergesch
ISBN-13 978-2-919822-02-7
Virgänger Operatioun Meedag

Attentat. Dem Fischbach säi 5. Fall ass e Kriminalroman op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Jean Schoos, deen den 19. Abrëll 2024 bei den Éditions Guy Binsfeld erauskoum. Et ass de fënneften a leschte Band aus der Serie Gudde Gendaarm, béise Gendaarm.

Ëm wat geet et am Roman?

[änneren | Quelltext änneren]

Um Enn vu senger Déngschtzäit huet de René Fischbach säi Bëss verluer. Mä zwéi Fäll loosse säi Juegdinstinkt nees erwächen: en Uschlag op d'Eisebunn an e vermeintleche Journalist, deem seng Läich am Stauséi fonnt gouf...

De Roman spillt 1983 zu Lëtzebuerg. Verschidden Elementer vun der Erzielung si fiktiv, anerer net.

  • Den Don John schreift am Lëtzebuerger Land[1]

... e Krimi mat interssanten Usätz, dee säi semantescht Potential engem ze laxisteschen Emgank mat der Sprooch an der narrativer Kohärenz verschenkt.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ "D'Bengele bei d'Tromm." d' Lëtzebuerger Land Nr.23, 07.06.2024, S.13.
  2. ↑ Fiche op editionsguybinsfeld.lu.