Op den Inhalt sprangen

Operatioun Meedag

Vu Wikipedia
Operatioun Meedag.
Dem Fischbach säi 4. Fall
Auteur Jean Schoos
Land Lëtzebuerg
Genre Kriminalroman
Erauskomm 2019
Verlag Éditions Guy Binsfeld
Serie Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm
ISBN-13 978-99959-42-54-0

Operatioun Meedag. Dem Fischbach säi véierte Fall ass e Kriminalroman op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Jean Schoos, deen 2019 bei den Éditions Guy Binsfeld erauskoum. Et ass dee véierte Roman aus der Serie Gudde Gendaarm, béise Gendaarm.

Ëm wat geet et am Roman?

[änneren | Quelltext änneren]

De Roman spillt am Joer 1978. Am Bettenger Klouschter gouf et eng Geiselnam, wou zwéin ausser Kontroll gerode Bouwen ëm d'Liewe komm sinn. Donieft muss awer och en terroristescht Attentat op d'Veranstaltung vun de Gewerkschafte fir den 1. Mee, zu Esch-Uelzecht op der Brillplaz, verhënnert ginn.

De Fischbach fënnt a béide Fäll Spueren, déi an déi selwecht Richtung deiten...

De Kapitän Fischbach, delegéierten Offizéier vun der Sûreté, muss een duebele Problem léisen an dat an Zesummenaarbecht mat sengem fréiere Chef, dem Majouer Ernest Hamus, dem Kommandant vum Gendarmerie Bezierk Esch. Um 1. Mee, dem internationalen Dag vun der Aarbecht, soll op der Brillplaz zu Esch en terroristeschen Uschlag op der Gewerkschaft hir Manifestatioun gemaach ginn. An dann ass och nach eng Geiselnam am Bettenger Klouschter amgaang.

Et muss improviséiert ginn, well d’Gendarmerie op keng vun deenen zwou Situatiounen virbereet ass. Sou kennt et zu der ad hoc Grënnung vum Groupe d’Intervention de la Gendarmerie Grand-ducale, dem GIGG. Zu deem Zweck sinn den Oberleutnant Guillaume Meyers, de Chefsergeant Henri Majerus an de Sergeant Marcel Jost vun der Arméi an d’Gendarmerie delegéiert ginn an hunn mat de Gendaarmen éischter Klass Pascal Engels vun der Brigade Grevemaacher an Camille Poeckes vun der Brigade Rued/Sir de Kär vun dëser neier Trupp gebillt.

Bemierkenswäert war, dass dës fënnef Männer zu Dickweiler trainéiert hunn. De Maurice Lacaf hat dem Papp seng Juegd iwwerholl an deen vum Entrepreneur Philippe Leotard nei opgebauten Chalet als Zentrum vun engem Kampfsportgrupp gemaach. Dës Qualifikatioun war entscheedend fir de Virschlag déi fënnef Beamten, déi sech dem Dickweiler Krees ugeschloss haten, als nei Unitéit vun der Gendarmerie anzesetzen. De Virschlag koum vum SREL Direkter an deen huet insistéiert, dass den Armand Reisen, fréieren Offizéier aus der Arméi an aktuellen Agent vum Geheimdéngscht de Grupp soll uféieren.

De Steve Haas an dem Daniel Mousel sinn zwee jonk Männer, déi aus soziale Grënn am Klouschter zu Betten wunnen a beim Depositaire Pierre Steimetz schaffen, deen vill Clienten op der Gare beliwwert. Dorënner och den Didier Parmentier, Hotelier a Proprietär vum Cabaret Chez Loulou. Seng Machenschaften sinn net ëmmer ganz legal a sou ass et net verwonnerlech, dass en a gréisser Schwieregkeete verwéckelt ass.

De Krimi vermëscht, wéi gewinnt, historesch Fakte mat fiktiven Elementer.

Referenzen

[Quelltext änneren]