Éischte Mee

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Protestschëld aus der fréierer DDR (ëm 1960)

Den Éischte Mee gëtt als Dag vun der Aarbecht, Dag vun der Aarbechterbeweegung, Internationalen Dag vun der Aarbechterklass oder einfach als Mee-Feierdag bezeechent. Zu Lëtzebuerg an a villen anere Länner ass et e gesetzleche Feierdag.

Den 1. Mee ass eng Geleeënheet, fir sech un de Kampf vun de Gewerkschafte fir sozial Leeschtunge wéi Aarbechtszäitreegelung, bezuelte Congé oder sozial Ofsécherung vun de Salariéen z'erënneren. Gemenkerhand sinn hautdesdaags um 1. Mee Familljefester oder Manifestatiounen déi vun de Gewerkschaften organiséiert ginn a wou se hir aktuell Fuerderunge presentéieren.

Haymarket Riot[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Mee 1886 huet zu Chicago am Illinois um Haymarket e Streik vun e puer Deeg ugefaangen, dee vun de Gewerkschaften organiséiert gi war, fir eng Reduzéierung vun der der deeglecher Aarbechtszäit vun zwielef op aacht Stonnen duerchsetzen. D'Evenementer vum 1. Mee an den Deeg duerno gi gemenkerhand als Haymarket Riot ((lb) Heemaart-Opstand) bezeechent a gëllen als Urspronk vun der Traditioun vun der Aarbechterklass a vun de Gewerkschafte fir den 1. Mee zum internationalen Dag vun der Aarbechterklass z'erklären.

Gesetzleche Feierdag[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg zielt den Éischte Mee zanter 1946 als gesetzleche Feierdag[1]. Well Christi Himmelfaart e variabele Feierdag ass, kann et virkommen, datt déi zwee Feierdeeg (Éischte Mee a Christi Himmelfaart) openee falen: dat ass fir d'nächst am Joer 2160 de Fall[2].

An Däitschland hat d'Parlament vun der Weimarer Republik 1919 den Éischte Mee als gesetzlech Feierdag festgeluecht, dat hat awer just fir ee Joer gegollt. An der Zäit vum Nationalsozialismus gouf den Éischte Mee vun 1933 un e gesetzleche Feierdag; e gouf deemools "Dag vun der nationaler Aarbecht" ((de) Tag der nationalen Arbeit) genannt. 1934 gouf en an "Nationalfeierdag vum däitsche Vollek" ((de) Nationalfeiertag des Deutschen Volkes) ëmgenannt. Nom Zweete Weltkrich gouf den Éischte Mee 1946 als Feierdag um Alliéierte Kontrollrot confirméiert.

D'Planze vum Éischte Mee[änneren | Quelltext änneren]

Meekranz[änneren | Quelltext änneren]

E Meekranz

Laang ier den Éischte Mee als internationalen Dag vun der Aarbechterklass gefeiert gouf, bestoungen an eise Géigende sougenannt Mee-Bräich, déi dacks nach op heednesch Afferfester zréck gaange sinn, ier se vum Chrëschtentum iwwerholl goufen. Fir beispillsweis béis Geeschter ewech ze halen, si fréier an den Haiser, Ställ a Scheiere geseente Kraider a geweite Pällem gestreet ginn oder et goufe mat Kräid grouss Kräizer op d'Fënsteren an d'Dieren gemoolt an d'Zëmmere goufe mat Wäiwaasser besprutzt.

Iwwerdeems fréier richteg Meebeem opgestallt goufen, gëtt sech hautdesdaags drop limitéiert Meekränz ze flechten, déi dann a engem Cortège duerch d'Dierfer a Stied gedroen a schliisslech iwwer den Hausdieren an op de Fassaden opgehaange ginn. Op déi Manéier gëtt déi waarm a sonnege Joreszäit agelaut[3].

Meeréischen[änneren | Quelltext änneren]

E Bouquet Meeréisercher

A Frankräich besteet zanter der Renaissance de Brauch, sech um 1. Mee eng Meeréischen ze schenken. Verschidde Rapporten iwwer de franséische Kinnek Charles IX. soen, datt hien den Damë vu sengem Haff vun de 1560er Joren un allkéiers am Fréijoer eng Meeréische geschenkt huet a gesot soll hunn: "Sou soll dat all Joer geschéien" ((fr) Qu'il en soit fait ainsi chaque année). Am Ufank vum 20. Joerhonnert war et an der Île-de-France Usus sech fir den 1. Mee eng Meeréischen, als Symbol vum Fréijoer z'offréieren.

D'Meeréische gëtt als eng Blumm betruecht, déi Gléck bréngt an dofir besteet och an eise Géigenden de Brauch, datt Persounen, déi gutt zesumme sinn, sech den Éischte Mee eng Meeréische schenken.

Oeillet[änneren | Quelltext änneren]

An Däitschland dréit een traditionell fir den Dag vun der Aarbecht eng rout Oeillet am Knäpplach. Dës Traditioun geet op den 1. Mee 1890 zréck, wéi Militanten - obwuel et verbuede war ze manifestéieren - sech an de Parke getraff hunn an als Zeeche vun der Unerkennung eng rout Oeillet am Knapplach gedroen hunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Éischte Mee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 23 avril 1946 déclarant jour férié le 1er mai 1946 an Arrêté grand-ducal du 8 août 1947 portant réglementation des jours fériés légaux op legilux.lu, fir d'lescht gekuckt den 9. Januar 2019
  2. Ostern - bewegliche Tage op nvf.ch, gekuckt den 10. Januar 2019
  3. Quell vun dësem Kapitel: Hausemer, G., & Luxembourg Service Information et Presse. (2013). Apropos ... Feste und Traditionen in Luxemburg. Luxembourg: Presse- und Informationsamt, gekuckt op luxembourg.public.lu den 9. Januar 2019