Meekranz

Vu Wikipedia
E Meekranz zu Wuelessen

E Meekranz ass e Kranz aus jonkem Laf deen, wéi de Brauch et wëllt, den 1. Mee mueres fréi vun de Veräiner am Bësch fabrizéiert gëtt[1]. De Kranz gëtt gewéinlech am Cortège an d'Duerf gedroen an iwwer d'Dier vum Gebai opgehaangen, an deem d'Versammlungen ofgehale ginn; dacks sinn dat Caféen.

Laang ier den Éischte Mee als internationalen Dag vun der Aarbechterklass gefeiert gouf, bestoungen an eise Géigende sougenannt Mee-Bräich, déi dacks nach op heednesch Afferfester zeréckgaange sinn, ier se vum Chrëschtentum iwwerholl goufen. Fir beispillsweis béis Geeschter ewechzehalen, si fréier an den Haiser, Ställ a Scheiere geseent Kraider a geweite Pällem gestreet ginn oder et goufe mat Kräid grouss Kräizer op d'Fënsteren an d'Diere gemoolt an d'Zëmmere goufe mat Wäiwaasser besprutzt.

Iwwerdeems fréier richteg Meebeem opgestallt goufen, gëtt sech hautdesdaags drop limitéiert Meekränz ze flechten, déi dann a engem Cortège duerch d'Dierfer an d'Stied gedroen a schliisslech iwwer den Hausdieren an op de Fassaden opgehaange ginn. Op déi Manéier gëtt déi waarm a sonneg Joreszäit agelaut[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Meekranz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell: Meekranz, la couronne de mai op petitweb.lu
  2. Quell, wou net anescht uginn: Hausemer, G., & Luxembourg Service Information et Presse. (2013). Apropos... Feste und Traditionen in Luxemburg. Luxembourg: Presse- und Informationsamt, gekuckt op luxembourg.public.lu den 2. Mee 2019