Europadag

Vu Wikipedia
Den Europadag zielt nieft dem Europäesche Fändel zu de Symboler vun der Europäescher Unioun

Als Europadag ginn zwéin Deeg am Joer bezeechent, déi als Feierdag fir Europa zielen: de 5. Mee gëtt un d'Grënnung vum Europarot, an den 9. Mee un d'Schuman-Deklaratioun erënnert.

5. Mee – Europadag vum Europarot[änneren | Quelltext änneren]

Dësen Europadag, deen de Ministercomité 1964 agefouert huet, erënnert un d'Ënnerschreiwe vun der Charta vum 5. Mee 1949 zu London, mat där den Europarot gegrënnt gouf.

9. Mee – Europadag vun der Europäescher Unioun[änneren | Quelltext änneren]

Commemoratioun vum Europadag zu Madrid (2017)

Op Grond vun enger Iddi vum Jean Monnet, huet de franséischen Ausseminister Robert Schuman den 9. Mee 1950 an enger Ried zu Paräis virgeschloen, eng Produktiounsgemeinschaft fir d'Kuel- a Stolproduktioun ze schafen. Dës Ried gouf als Schuman-Deklaratioun bekannt a war den Urspronk fir d'Grënnung vun der Europäescher Communautéit fir Stol a Kuel (CECA), aus där méi spéit déi haiteg Europäesch Unioun entstanen ass.

Beim Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen 1985 zu Mailand gouf beschloss, als Erënnerung un dëst Evenement, all Joer den 9. Mee den „Europadag vun der Europäescher Unioun“ z'organiséieren, op deem elo zanter 1986 vill Manifestatiounen a Festlechkeete gemaach ginn. Gläichzäiteg hunn d'Fonctionnairë vun den EU-Institutiounen op deem Dag fräi.

Offizielle Feierdag[änneren | Quelltext änneren]

Am Kosovo ass de Europadag den 9. Mee (alb.: Dita e Evropës) e gesetzleche Feierdag. Zu Lëtzebuerg gouf, op Propositioun vun der Regierung, den Europadag ((fr) Journée de l'Europe) 2019 als e gesetzleche Feierdag agefouert[1],[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Europadag – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Legale Congé an Europadag - Méi Fräizäit schonn dëst Joer op rtl.lu den 8. Januar 2019
  2. Loi du 25 avril 2019 portant modification: 1. des articles L. 232-2 et L. 233-3 du Code du travail ; 2. de l'article 28-1 de la loi modifiée du 16 avril 1979 fixant le statut général des fonctionnaires de l'État op legilux.lu, gekuckt den 30. Abrëll 2019