Schuman-Deklaratioun

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Quai d'Orsay
Salon de l'Horloge.

Ënner der Schuman-Deklaratioun versteet een déi Deklaratioun, déi de franséischen Ausseminister Robert Schuman den 9. Mee 1950 an der Salle de l'Horloge vum Quai d'Orsay gemaach huet.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

D'Schuman-Deklaratioun, déi staark vum Jean Monnet inspiréiert war, war en Opruff, datt Frankräich an Däitschland, an aner westeuropäesch Länner, déi dat wéilten, hir Kuel- a Stolproduktioun sollten zesummeleeën, fir ze verhënneren, datt ee Land dës Matière-Premièrë kéint benotzen, fir nees Krichsrüstung domat ze bedreiwen.

Ënnerstallt gi sollen dës Beräicher dofir enger "Héijer Autoritéit", déi vun den nationale Regierungen onofhängeg ass. Mä dem Schuman seng Pläng ginn iwwer Kuel a Stol eraus, hie wënscht sech, datt um Enn eng europäesch Federatioun entstoe géif. Hie war sech bewosst, datt dat net op ee Coup geschéie kéint, mä duerch konkret Realisatiounen, déi fir d'éischt eng De-facto-Solidaritéit géife schafen.

Säin Opruff huet sech 1951 an der Grënnung vun der CECA, der europäescher Communautéit fir Kuel a Stol, konkretiséiert.

1985 huet den Europäesche Conseil vu Mailand den 9. Mee als "Europadag" ausgeruff.

Resonanz zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg huet sech d'Begeeschterung fir dee Projet ufanks a Grenze gehalen: Zwar hunn d'CSV, den LCGB an den LAV (de Virleefer vum OGB-L) dem Plang zougestëmmt, awer dem Staatsrot, grad wéi der Handelskammer, war de Plang gläichzäiteg ze liberal an net liberal genuch;  d'Arbed huet gefaart, hir Existenz kéint bedreet ginn; d'Kommunistesch Partei gesouch doran en Drockmëttel, d'Léin vun den Aarbechter no ënnen deene vun anere Länner unzepassen; och de Groupement democratique huet an der Chamber iwwer de Souverainitéitsverloscht geklot, an de Michel Rasquin vun der LSAP huet vun engem "nationalen Ausverkaf" geschwat. Wéi d'LSAP 1951 an d'Regierung koum, huet s'allerdéngs hire Widderstand opginn. 1952 huet de Rapporter vun der zoustänneger Chamberkommissioun, den Tony Biever, festgestallt, datt d'CECA sou oder sou eng Realitéit géif ginn, a Lëtzebuerg besser hätt, mat derbäi ze sinn an e Wuert matschwätzen ze kënnen, wéi dobaussen ze bleiwen an déi aner decidéieren ze loossen.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Romain Hilgert: "Schulfrei am Sankt Schuman." In: d'Lëtzebuerger Land, 5. Mee 2019, Nr.18, S.8.
Flag of Europe.svg Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.