Michel Rasquin

Vu Wikipedia
Michel Rasquin
Gebuer 19. September 1899
Péiteng
Gestuerwen 27. Abrëll 1958
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei LSAP
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

De Michel Rasquin, gebuer den 19. September 1899 zu Péiteng, a gestuerwen de 27. Abrëll 1958 zu Esch-Uelzecht[1], war e lëtzebuergesche Journalist a Politiker (LSAP). De Michel Rasquin ass de Papp vum Gérard Rasquin.

De Journalist[änneren | Quelltext änneren]

Virun an nom 2. Weltkrich huet hien als Redakter beim Escher Tageblatt geschafft. Am Krich war hien zu Marseille Chefredakter vun der Wochenzäitschrëft "Vérité".

De Politiker[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet seng politesch Karriär um Enn vum Zweete Weltkrich ugefaangen. Bannent e puer Méint huet hien et vum Sekretär vun der Escher Lokalsektioun vun der Lëtzebuerger Aarbechterpartei (déi spéider LSAP) zum Parteipresident bruecht (bis 1951).

Vum 14. Dezember 1945 bis de 6. Juli 1948 war de Michel Rasquin Member vum Staatsrot.[2]

De 6. Juni 1948 gouf hien an d'Chamber gewielt.

Vum 10. Abrëll 1949 bis de Juli 1951 war hie Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht.

1951 gouf hie Wirtschaftsminister an der Regierung Dupong-Schaus-Bodson, an 1953 an der Regierung Bech-Bodson. Am Januar 1958 gouf hien zum éischte Lëtzebuerger Member vun der Europäescher Kommissioun ernannt. Mä schonn am Abrëll vum selwechte Joer ass de Michel Rasquin gestuerwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Muhlen, Ernest: Michel Rasquin, ein Europäer der ersten Stunde, in Luxemburger Wort. - Jg. 141(1988), Nr. 161 (13. Juli), p. 3

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Michel Rasquin. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (29 Abrëll 1958). Gekuckt de(n) 2023-01-11.
  2. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot