Dräi Läichen zu Koplescht

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Dräi Läichen zu Koplescht ass e Kriminalroman op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Rich Ruppel, deen 2014 bei den Editions Schortgen erauskoum.

Ëm wat geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

Eng Fra vu 36 Joer gëtt beim Bushaischen ënnen am Kopleschter Bierg erstach. Duerno ass hir Läich am Direndall bei der Mamer ofgeluecht ginn. De Kommissär Mathes a seng Equippe ermëttelen an där Affär. Zéng Deeg méi spéit, den 11. August gëtt eng zweet weiblech Läich op der selwechter Plaz fonnt. Dat zweet Affer gläicht physesch dem éischten an huet grad sou eng déidlech Verletzung. Ee Seriemäerder ass ënnerwee. Et wäert och nach een drëtte Muerd ginn, wéi den Titel eis scho verréit.

De Kommissär a seng Leit hunn an der Tëschenzäit e puer Verdächteger an och e puer Zeien opgedriwwen, mä kënnen dee Schëllegen net sou ouni Weideres fannen.

Personnagen[änneren | Quelltext änneren]

De Jos Mathes ass Kommissär vun der Mordkommissioun. Him zur Säit stinn: den Inspekter Jang Bourg, de Computerspezialist Pol Schweitzer an d'Assistentin Sylvie Dumont.

Déi dräi Läiche gi vum Geriichtsdokter René Muller op der Plaz an sengem Autopsie Keller grëndlech ënnersicht. Eng Rëtsch vun DNA Analyse bréngen och net déi erhoffte Resultater.

Zwee Zeien, de Marc Hoffmann an den Ivo Korvac, widderspriechen sech. Domat wär eppes unzefänken, awer sou schnell geet dat och net.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Dräi Läichen zu Koplescht ass ee Policeroman a weist, dass ouni kriminaltechnesch Ënnersichungen näischt méi am moderne Kriminalroman geet, grad esou wéi verschidde Spezialisatiounen an der Equippe vun den Ermëttler noutwendeg sinn. Et gehéiert zum Realismus vum Policeroman, dass e puer Affäre gläichzäiteg verfollegt ginn, och wann si näischt mateneen ze dinn hunn, mä dat weess en eréischt zum Schluss.

De Roman huet staark Charakteristike vun engem Thriller, well et dorëm geet ee Seriemäerder ze fannen, ier deen op ee neits kann zouschloen. Leider ass et awer just déi drëtt Läich, déi den entscheedenden Hiwäis bréngt. Schlussendlech brauch et an dëser Affär eng zousätzlech psychiatresch Exploratioun fir d'Liicht an dem Seriemäerder säi Motiv ze bréngen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Fiche op autorenlexikon.lu.

Referenzen[Quelltext änneren]