Armagnac (Roman)

Vu Wikipedia

Armagnac ass eng Kriminalerzielung op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Josy Braun, déi postum 2013 bei der Kremart Edition erauskoum.

Ëm wat geet et an der Erzielung?[änneren | Quelltext änneren]

Well hien op der falscher Säit gegruewen hat a well d'Doudelued aus bëllegem Dännenholz war, huet den Doudegriewer vu Biwer, de Batty Flesch, den Deckel vun der Lued futti getrëppelt. D'Holz war sou vermuuscht, datt hie sech net wéi gedoen huet. Hie war awer schéin erféiert, säi Fouss tëschent dem Louis Thull senge Rëpper ze gesinn. Wéi hie sech aus senger mësslecher Lag befreit hat, gesouch hien ee Knapp, deen net an de Sarg gepasst huet. Den Thull hat bestëmmt keng Uniform un, wéi e viru 24 Joer begruewe gouf.

Vum Uniformsknapp aus féiert de Wee bei ee Verbriechen a vun do ass et net méi wäit bis bei ee verstoppte Schaz, deen nawell seng Sue wäert ass. Dee muss fir d'éischt fonnt a gehuewe ginn. Dat kascht engem d'Liewen an een anere kënnt och schlecht ewech...

Personnagen[änneren | Quelltext änneren]

De Batty Flesch ass Aarbechter a Doudegriewer vun der Gemeng Biwer. Hie wunnt eleng zu Wecker am eegenen Haus. Seng Fra huet hie verlooss an et weess kee wou si drun ass.

Dem Batty säin Aarbechtskolleeg, de Basil Roemen, ass de Bannpréiter vun der Gemeng. Hie ka gutt kombinéieren an huet ëmmer eng passend Äntwert parat, well hien am Stress ee klore Kapp behält. Seng Fra Liza ass net op de Mond gefall a verdeedegt hire Basil géint all Ongerechtegkeet.

De pensionéierte Journalist Vim Kettenhofen schreift nach ëmmer gär iwwer Sensatiounen a senger aler Zeitung, dem 'Muselblat', besonnesch wann hien engem aneren den zweete Präis kann zouschousteren.

De Jupp Kommes ass Gendarmerieskommandant zu Maacher. Hie kann net verdroen, deen zweete Präis oder guer keen ze kréien.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Armagnac ass eng Kombinatioun aus Detektivgeschicht a Thriller.

Et geet fir d'éischt dorëm, ee Muerd opzeklären, deen 1948 am Manternacher Tunnel geschitt ass. Dat ass dem Basil senges, hie féiert seng privat Enquête a mécht domat op sech opmierksam. Dat ass den Deel Detektivgeschicht.

Dës Erzielung mécht däitlech, wéi no den Thriller bei der Abenteuergeschicht[1] ka leien, wann ee Schatz gesicht a gehuewe soll ginn. Et gëtt eng Rei vu Surprisen an ëm een Hoer wier et fir de Basil schlëmm ausgaangen. Mee dem Basil seng luusseg Äntwerten an dem Ënnersichungsriichter seng Onofhängegkeet vum Gendaarm senger Subjektivitéit an dem Procureur senger Strengt, retten de Basil virun der gréisster Ongerechtegkeet. Dass de Basil seng eegen Opfaassung vu Gerechtegkeet huet, ass nees eng Charakteristik vum Thriller.[2]

Déi lescht Säite vun der Erzielung kann een als e puer Optioune fir ee Schluss gesinn, deen den Auteur vläicht nach net fonnt hat, wéi hien eis fir ëmmer verlooss huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kniesche, Thomas (2015). Einführung in den Kriminalroman. Darmstadt: WBG S. 16
  2. Kniesche, Thomas (2015). Einführung in den Kriminalroman. Darmstadt: WBG S. 69