Kremart Edition

Vu Wikipedia
Kremart Edition
Typ SARL
Grënnungsdatum 2013
Sëtz Lëtzebuerg
Branche Verlagshaus
Produit Bicher
Homepage www.kremart.lu

Kremart Edition ass e lëtzebuergescht Verlagshaus, dat am Summer 2013 vun der Christiane Kremer, der Viviane Leytem an dem Luc Marteling gegrënnt gouf.

Kannerbicher[änneren | Quelltext änneren]

D'Kannerbicher vu Kremart sinn deels vun eegenen Auteuren an Zeechner, wéi d'Bicher So mol, Lobo! an D'Linn Lynn, an deelweis Iwwersetzunge vu Kannerbicher aus dem Ausland.

Erwuessenebicher[änneren | Quelltext änneren]

Smart Kremart[änneren | Quelltext änneren]

"Smart Kremart" ass eng Serie vun 20 Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch vun 20 Auteuren, déi a klengem Format an zu engem niddrege Präis tëscht 2013 an 2017[1] verëffentlecht goufen.[2] D'Bicher an där Serie hu sech ronn 30.000 Mol verkaaft.[3][4] All Buch huet 36 Säiten.

D'Schrëftsteller, déi e Buch an der Serie verëffentlecht hunn, si ganz ënnerschiddlech. Am Ganzen hunn 10 Männer an 10 Frae jee ee Buch geschriwwen. D'Auteure waren tëscht 27 an 79 Joer al, mat e puer etabléierte Schrëftsteller, wéi zum Beispill dem Alain Atten an dem Nico Helminger, an e puer Newcomer, wéi der Vesna Andonovic oder der Gintare Parulyte.[1]

  1. Christiane Kremer: De Wierdermoler
  2. Claude Schiltz: De Schnéihues
  3. Vesna Andonovic: Zëmmer Nummer fënnef
  4. Diane Neises: Weidermerciäddinächsten
  5. Julie Vinandy-Schmit: Magnificat
  6. Alain Atten: D'Kuebennascht
  7. Yorick Schmit: Paenitentia
  8. Luc Marteling: iPremier
  9. Tom Decker: D'Tilly
  10. Josiane Kartheiser: Gees de mat?
  11. Bob Kieffer: Roswell
  12. Christiane Ehlinger: 't ass d'Liewen!
  13. Jemp Schuster: 13, Waassergaass
  14. Luc Belling: An elo mol … op Lloret!
  15. Tullio Forgiarini: De Ritter an der Kartongsrüstung
  16. Karin Goedert: Maacht mer keen Ouer!
  17. Nico Helminger: Flakka
  18. Gintare Parulyte: Fuck
  19. Jackie Messerich: Tunnel of Love
  20. Jean-Paul Maes: Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?

Timba[änneren | Quelltext änneren]

Nom Succès vun der Serie "Smart Kremart" huet d'Verlagshaus 2018 déi nächst Serie mat lëtzebuergesche Kuerzgeschichten, "Timba", lancéiert. All Buch huet 40 Säiten. 24 Bicher sollen insgesamt erauskommen.

  1. Marc Wilwert: De groe Star
  2. Jérôme Netgen: D'Wolleken iwwer Hawaii
  3. Catherine Gitzinger: De Bam
  4. Sophie Gitzinger: Vill Gléck am neie Joer
  5. Luc Marteling: Den nationale Wollef
  6. Roland Meyer: Food Leaks
  7. Josiane Kartheiser: Dem Jemp seng Uerdnung
  8. Fabienne Hollwege: Lucy Love
  9. Jean Back: De Schapp beim Wal
  10. Joseph Kayser: Déif gekillt
  11. Josiane Kartheiser: Déi nächst Etapp
  12. Romain Butti: Fir wann ech net méi kann
  13. Yorick Schmit: Weeër a Spueren
  14. Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Éischten Deel: D'Ausstellung
  15. Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Zweeten Deel: De Seraphin
  16. Bob Kieffer: Rachel
  17. Roland Meyer: Vu Reptiloiden an ale wäisse Männer

Kanephora[änneren | Quelltext änneren]

An der Serie "Kanephora" verëffentlecht Kremart Romaner vun Auteure wéi Jean-Paul Maes, Alain Atten, Giulio-Enrico Pisani, Jean Back a Maryse Krier. Bis elo (Stand: November 2022) sinn 13 Bänn eraus komm:

  1. Jean Back: Zalto mortale – Dräi Monologen
  2. Linda Graf: Die Tage, die Dinge
  3. Maryse Krier: Allen Ernstes
  4. Jean Back: Trakl Blues
  5. Julie Vinandy-Schmit: Perdue dans la vallée
  6. Alain Atten: Alle véierzéin
  7. Romain Butti: Ein Jahr in Berlin
  8. Alain Atten: Déi Säit dem Scheet
  9. Alain Atten: D'Hobitz
  10. Christiane Kremer: De Bicherbus
  11. Giulio-Enrico Pisani: Voleurs de Liberté
  12. Jean-Paul Maes: Rehaugen
  13. Jhemp Hoscheit: Tëschent den Zeilen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 rtl.lu: "Fuck, Love a Bertemes": 3mol Smart (24. Juni 2017)
  2. rtl.lu: Liesungen zu Käerch, Diddeleng a Kielen (28. Februar 2014)
  3. Un 13e ouvrage dans la série « Timba » (30. Juni 2021)
  4. Kremart Edition bei letzshop.lu