Luc Marteling

Vu Wikipedia
Luc Marteling
De Luc Marteling am November 2019
Pseudonym lm, Luc
Gebuer 4. Juli 1975
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée classique d'Echternach,
Universitéit vu München,
Universitéit vu Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller, Iwwersetzer, Fonctionnaire

De Luc Marteling, gebuer de 4. Juli 1975 an der Stad, ass e lëtzebuergeschen Internetjournalist a Kommunikatiounswëssenschaftler. Hien huet als Editeur an Auteur Literatur op Lëtzebuergesch an Iwwersetzunge vu Kannerbicher geschriwwe resp. erausginn.

Formatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Luc Marteling war zu Mäertert an der Primärschoul an duerno am Lycée classique d'Echternach, an deem hien 1994 seng Première an der Sproochesektioun bestanen huet. Vun 1994 bis 2002 huet hien op der Ludwig-Maximilians-Universitéit zu München Kommunikatiounswëssenschaft, Philosophie a Psychologie studéiert a mat engem Master of Arts ofgeschloss.

Berufflech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet vun 1999 bis 2000 a vun 2002 bis 2004 als Journalist geschafft, ë. a. fir den Télécran a fir d'Luxemburger Wort (2004-2008), wou hie stellvertriedend fir d'Lokalredaktioun verantwortlech war. Hien huet vun 2008 bis 2019 bei RTL geschafft an huet do haaptsächlech den Internetoptrëtt ausgebaut an en als Chefredakter geleet.

Am Summer 2013 huet hien zesumme mat der Christiane Kremer an der Viviane Leytem de Verlag Kremart Edition gegrënnt[1].

Am Mee 2019 gouf de Luc Marteling als Direkter vum nei geschaaften Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch nominéiert[2] an ass den 21. Juni 2019 an där Funktioun vereedegt ginn[3].

Vu Juli 2024 u geet hien hannescht bei säi fréiere Patron RTL, wou en Direkter fir Informatioun gëtt (amplaz vum Guy Weber, dee pensionéiert gëtt).[4]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Marteling, L. (2018). Den nationale Wollef. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2018). Wann ech grouss sinn. Luxembourg: Kremart.
  • Marteling, L. (2018). Mäin Elmar. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2018). Den Elmar an dee Friemen. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2018). Den Elmar an de Reebou. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2018). Den Elmar an de Päiperlek. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L., Gernhäuser, Susanne, & Weller, Ursula. (2018). Sichen a fannen : Fir kleng Entdecker. Luxembourg: Kremart.
  • Marteling, L., & Arrhenius, Ingela P. (2018). Eng Strooss, déi lieft! : E risegt Concertina-Buch fir opzeklappen an opzestellen! Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2017). Den Elmar an d'Course. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2017). Dem Elmar säin neie Frënd. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2017). Den Elmar an de Super El. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L., & Harrison, Erica. (2017). Fangerstempelen : Déieren. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L., & Schartz, Tom. (2016). D'Linn Lynn. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L., & Wells, Rachel. (2016). Méi grouss, méi kleng : Buch mat Meter an Stickeren. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L., & Büchner, Sabine. (2016). De Schudder-Schusch : Eng Geschicht. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2016). Jidderee gaapst. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2016). D'Sich vum Pappa Séipäerdchen. Lëtzebuerg: Kremart
  • Marteling, L. (2016). Den Elmar an d'Iwwerschwemmung. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2016). Dem Elmar säin Orchester. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2016). Den Elmar an dee grousse Vugel. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2016). Den Elmar an d'Walen. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L., & Ross, Tony. (2016). D'Buedwaassa-Monsta. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2015). Den Elmar an d'Monster. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2015). Den Elmar am Schnéi. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2015). Den Elmar an d'Schlaang. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L., Kremer, Christiane, Kauffmann, Jérôme musicien, Thinnes-Kauffmann, Paulette, & Friederich, Laurent. (2015). Lalumi : Seng Frënn, Seng Dreem, Seng Reesen = 7 Geschichte Vun Der Klenger Raup.
  • Marteling, L., & Mai, Manfred. (2015). De Kueb Kuiitsch traut sech! Luxembourg: Kremart.
  • Marteling, L., Kremer, Christiane, Mirkes, Jean-Paul professeur d'éducation artistique, & Lycée classique. (2015). Echternach topsecret! : Die Abteistadt durch Schüleraugen (2. Aufl.. ed.). Luxemburg: Kremart.
  • Marteling, L., Kremer, Christiane, & Atten, Alain. (2014). D'Lalumi a seng Reesen : 3 Geschichte vun enger echter Verwandelungskënschtlerin. Luxembourg: Éd. Saint-Paul.
  • Marteling, L. (2014). IPremier : Gespréicher anno 2045. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2014). Den Elmar an d'Nilpäerd. Lëtzebuerg: Kremart.
  • Marteling, L. (2012). Kaffeefahrt : Die abenteuerliche Reise des Kaffees von Peru nach Luxemburg. Luxembourg: Éd. Saint-Paul.
  • Marteling, L., Muller, Steve, & Nerval, Gérard de 1808?-1855. (2012). Luxemburg in der Welt 2. Luxemburg: G. Binsfeld.
  • Marteling, L., Kremer, Christiane, & Atten, Alain. (2012). D'Lalumi a seng Dreem : 3 Geschichte vun enger echter Verwandelungskënschtlerin. Luxembourg: Éditions Saint-Paul.
  • Marteling, L., Kremer, Christiane, & Atten, Alain. (2011). D'Lalumi a seng Frënn : 5 Geschichte vun enger echter Verwandelungskënschtlerin. Luxembourg: Saint-Paul.
  • Marteling, L., & Muller, Steve. (2010). Luxemburg in der Welt. Luxemburg: G. Binsfeld.
  • Clement, R., Marteling, Luc, & Bintz, Sandra. (2010). Amélie & Max : Histoire à lire et à colorier pour petits et grands. S.l.: [Télévie].
  • Thill, M., Feyereisen, Claude, & Marteling, Luc. (2007). Top secret : Auch das ist Luxemburg! Luxembourg: éd. Saint-Paul.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Nr. B178578, Kremart Edition S.à r.l. op lbr.lu, gekuckt den 23. Juni 2019
  2. Luc Marteling Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch op rtl.lu den 18. Mee 2019
  3. Luc Marteling neien Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch op gouvernement.lu den 21. Juni 2019
  4. "Luc Marteling vum 1. Juli un neien Directeur de l'information." rtl.lu, 20.02.2024.