Christiane Ehlinger
Ausgesinn
Christiane Ehlinger | |
---|---|
Gebuer | 20. Abrëll 1947 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Member vun | Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
D'Christiane Ehlinger, gebuer den 20. Abrëll 1947 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesche Léierin an Auteur virun allem vu Kannerbicher op Lëtzebuergesch.
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Krababbel. Gedichter fir kleng a grouss Kanner. Mat engem CD, Musek vum Tun Weber. Imprimerie Centrale, 1999
- Rivennah. Mat 2 CDen, Imprimerie Centrale, 2000.
- Schwätz kee Blech, soss has de Pech. Gedichter fir Kanner, mat 2 CDen. Imprimerie Centrale, 2001.
- Kloni Klunnes, en interaktiivt Buch mat CD a Molbuch fir Kanner vun 3 Joer un. Illustréiert vum Gilles Kutten - Musek: Fernand Neumann - Editioun: Imprimerie Centrale, 2003. Mention spéciale am Nationale Literaturconcours 2002.
- D'Lynn an de Charel. Wou komme mer hier a wou gi mer hin? - Eng Geschicht op lëtzebuergesch iwwer d'Sexualitéit. illustréiert vum Jean Leesch, Imprimerie Centrale 2004.
- Zarabina, en interaktiivt Buch mat CD an Aarbechtsheft fir Kanner vun 3 Joer un. Biller: Gilles Kutten Musek: Fernand Neumann. Editioun: Imprimerie Centrale, 2005.
- Ee feine Jong. Den därege Wee vun engem lëtzebuerger Drogéierten. Imprimerie Centrale, 2005 (Un drogué sympa - franséisch Iwwersetzung vum Julien Primout. Imprimerie Centrale, 2006).
- De roude Fuedem (Imprimerie Centrale, 2008, 2013)
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]1998 krut si de "Gëllene Schniewel", den éischte Präis vun engem Concours vum Saarlännesche Rundfunk, fir hiert Gedicht "Elo geet et awer duer!"