Éric Rohmer

Vu Wikipedia
Éric Rohmer
Gebuertsnumm Maurice Henri Joseph Schérer
Pseudonym Éric Rohmer, Gilbert Cordier
Gebuer 21. Mäerz 1920
Tulle
Gestuerwen 11. Januar 2010
13. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Henri IV
Aktivitéit Filmregisseur, Journalist, Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Filmkritiker, Filmediteur, Enseignant, Schauspiller, Romancier, Theaterregisseur, Regisseur
Famill
Geschwëster René Schérer
Kanner René Monzat

Den Éric Rohmer, mam richtegen Numm Maurice Henri Joseph Schérer, gebuer den 21. Mäerz 1920 zu Tulle (Corrèze) a gestuerwen den 11. Januar 2010[1] zu Paräis, war e franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur, Journalist an Auteur.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Ier e Filmer gemaach huet, war de Rohmer Däitschprof a Schrëftsteller (Élisabeth, 1946, ënner dem Pseudonym Gilbert Cordier). Duerno huet hien, deelweis an der vun him gegrënnter Gazette du Cinéma, Filmkritike geschriwwen, an, zesumme mam Claude Chabrol, dat éischt Buch iwwerhaapt iwwer den Alfred Hitchcock.

1959 huet hie säin éischte Film gedréint, Le signe du lion. Zesumme mam Barbet Schroeder, huet hien d'Produktiounsgesellschaft Les Films du Losange gegrënnt.

Seng Filmer sinn dacks Deel vu méi groussen Zyklen: Mat sengem éischten Zyklus, Contes Moraux genannt, koum hie grouss eraus. Ma nuit chez Maud (1969), a Le Genou de Claire (1970) sinn déi bekanntst doraus. Duerno koum den Zyklus Comédies et Proverbes, wouvu Le Rayon vert (1986) de Gëllene Léiw op der Mostra vu Venedeg krut. An den 1990er Jore waren d'Filmer ënner dem "Leitmotiv" Contes des quatre saisons, zesummegfaasst, an dee leschten Zyklus hat historesch Theemen als Sujet. Hien huet awer och nach niewelaanscht Filmer gedréit, déi net an en Zyklus gepasst hunn. Vill vu senge Filmer goungen ëm d'Sech-Verléiwen, a wat dat alles sou mat sech bréngt.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie vum Éric Rohmer[änneren | Quelltext änneren]

  • La Maison d'Elisabeth, Gallimard, Paris (1946), Neioplo 2007, ISBN 978-2-07-078515-5
  • Six Contes moraux, L'Herne, Paris, 1974, Neioplo 2003, ISBN 978-2-85197-707-6
  • Le Trio en mi bémol, Actes Sud Papiers, Arles, 1988 ISBN 978-2-86943-123-2
  • De Mozart en Beethoven, Essai, Actes Sud, Arles, 1998 ISBN 978-2-7427-1960-0
  • Organisation de l'espace dans le Faust de Murnau, Petite Bibliothèque des Cahiers du cinéma (poche), Paris, 2000 ISBN 978-2-86642-257-8
  • Rohmer et les autres, sous la direction de Noel Herpe, Presses universitaires de Rennes, 2007, ISBN 978-2-7535-0409-7
  • Éric Rohmer 3, Contes des quatre saisons et Tragédies de l'histoire, sous la direction de Yannick Mouren ; avec des études de Didier Coureau, Suzanne Liandrat-Guigues, Joel Magny (et al.), Lettres modernes Minard (Études cinématographiques 71), Paris-Caen, 2008

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nouvel Observateur

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]