Bim Diederich

Vu Wikipedia
Bim Diederich
Gebuer 20. Februar 1922
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 6. Dezember 2012
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler, Cyclocrossfuerer

De Jean ("Bim") Diederich, gebuer den 20. Februar 1922 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 6. Dezember 2012, war e lëtzebuergesche Vëlossportler.

1933 si seng Elteren op Péiteng geplënnert.

De Spëtznumm Bim huet hie kritt, well en 1938 zu Péiteng an der Apdikt Aulner fir 300 Frang am Mount geschafft huet, an nieft anere Medikamenter, och "Yohimbine" (e Potenzmëttel, kuerz "Joe Bim" genannt) verkaaft huet.

1937 ass hien an de Péitenger Vëlosclub agetrueden, wou hien den 23. Mäerz 1939 seng éischt Course gefuer ass. Am Juli 1947 ass hie "Profi" ginn, fir kënnen den Tour de France matzefueren.

Säi gréisste sportlechen Erfolleg hat hien am Tour de France 1951, wou en 3 Deeg am Maillot jaune gefuer ass. An der Etapp vu Reims op Gand huet de Bim, 40 Kilometer virun der Arrivée, am Mur de Grammont, seng 3 Matfuerer ofgehaangen an ass als éischten zu Gand ukomm. Wéinst dëser aussergewéinlecher Leeschtung huet hien den Numm "Duc de Grammont" kritt.

1954 ass hie seng lescht Course, den Tour de Luxembourg, gefuer. Hien ass den 11. ginn. Duerno huet e sech bestuet an huet zu Péiteng e Vëlosgeschäft ugefaangen. Säi Meedchen ass méi spéit mam bekannte Coureur Lucien Didier bestuet ginn. Dem Bim säi ganzen Houfert ass säi Kandskand, de Laurent Didier, dee sengem Papp a sengem Grousspapp an d'"Foussstapfen" getrueden ass.

An der Péitenger Sportshal gouf vun der Gemeng eng Galerie Bim Diederich ageriicht mat Erënnerungsstécker un dem Bim Diederich seng Sportskarriär. D'Hal selwer gouf och no him Centre sportif Bim Diederich genannt[1].

De Bim ass an der Geschicht vum professionelle Vëlossport ee vun de wéinege Coureuren deen an der Zäit vu senger professioneller Karriär an enger Ekipp gefuer ass, déi dem eenzege Coureur aus der Ekipp säin Numm gedroen huet, an zwar 1954 d'Ekipp Garin-Diederich.

Palmares[änneren | Quelltext änneren]

1945[änneren | Quelltext änneren]

1946[änneren | Quelltext änneren]

  • 2. am Tour de Luxembourg
    • 2. vun der 2. Etapp
    • 3. vun der 3. Etapp
    • 6. vun der 1. Etapp
    • 8. vun der 4. Etapp
  • 3. beim Circuit "Maine Libre"
    • 6. vun der 1. Etapp
    • 6. vun der 2. Etapp
  • 4. bei der Biergcourse "Omnium de la Route"
  • 5. am Tour de Majorque
    • 6. vun der 1. Etappe
  • 6. am Grand Prix François Faber
  • 6. beim G.P. de la Foire de Luxembourg
  • 7. beim Circuit de Lorraine
  • 7. zu Jemeppe-sur-Sambre
  • 11. an der "Volta Ciclista a Catalunya"
    • 3. vun der 1. Etapp
    • 6. vun der 7. Etapp

1947[änneren | Quelltext änneren]

1948[änneren | Quelltext änneren]

  • 4. bei der Landesmeeschterschaft am Cyclocross
  • 5. beim Critérium vu Lëtzebuerg
  • 5. am Tour de Majorque
    • 1. vun der (?) Etapp
    • 5. vun der 4. Etapp (b)
  • 6. beim Critérium vun Arel (Arlon)
  • 7. beim Critérium vu Baaschtnech
  • 16. am Tour de Luxembourg
    • 7. vun der 4. Etapp
  • 24. an der Ronde van Nederland
    • 1. vun der 5. Etapp (b)
    • 5. vun der 5. Etapp (a)
  • Tour de Suisse (opginn)

1949[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. am Tour de Luxembourg
    • 1. vun der 2. Etapp
    • 2. vun der 3. Etapp
    • 4. vun der 4. Etapp
    • 4. vun der 5. Etapp (a)
    • 6. vun der 1. Etapp
    • 8. vun der 5. Etapp (b)
  • 1. beim Critérium vun Attem (Athus)
  • 2. bei der Landesmeeschterschaft op der Strooss
  • 2. beim Critérium vun Namur
  • 4. bei Paräis-Valenciennes
  • 4. beim Circuit des Ardennes Flamandes
  • 7. bei der Weltmeeschterschaft
  • 8. am Tour de Romandie
  • 9. bei Léck-Jemelle
  • 9. beim Critérium vu Gembloux
  • 15. am Tour de France
  • 41. an der Flèche wallonne

1950[änneren | Quelltext änneren]

1951[änneren | Quelltext änneren]

1952[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. am Tour de Lorraine
    • 1. vun der 2. Etapp
  • 2. beim Critérium vu Jambes
  • 4. am Tour de Luxembourg
    • 3. vun der 1. Etapp (a)
    • 3. vun der 1. Etapp (b)
    • 4. vun der 4. Etapp (a)
    • 5. vun der 4. Etapp (b)
    • 8. vun der 2. Etapp
    • 9. vun der 3. Etapp
  • 5. beim G.P. du Centenaire zu Bréissel
  • 7. am Tour des 4 Cantons Suisses
  • 8. beim G.P. Eibar
  • 17. an der Ronde van Nederland
  • 86. a Paris-Bruxelles
  • Tour de France
  • Tour de Suisse (opginn)

1953[änneren | Quelltext änneren]

  • 2. bei der Landesmeeschterschaft op der Strooss
  • 2. bei Cras Avernas - Remouchamps - Cras Avernas
  • 2. beim Critérium vu Jambes
  • 4. am Tour de Luxembourg
    • 4. vun der 3. Etapp (b)
    • 6. vun der 4. Etapp (b)
    • 7. vun der 4. Etapp (a)
    • 10. vun der 2. Etapp
  • 4. bei Nanzeg - Lëtzebuerg
  • beim Critérium vu Frameries
  • Tour de France (opginn an der 18. Etapp)

1954[änneren | Quelltext änneren]

Ekippen[änneren | Quelltext änneren]

No him genannt[änneren | Quelltext änneren]

Fir un de Bim Diederich z'erënnere gouf eng Vëlosstreck, den itinéraire cyclable Bim Diederich vun der Gare Nidderkäerjeng-Suessem op d'Helfenterbréck no him genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. (fr)Sports et Loisirs. Pétange. Gekuckt de(n) 2024-01-02.