Emil Angel

Vu Wikipedia
Emil Angel
Gebuer 6. Mee 1940
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Den Emil Angel, gebuer de 6. Mee 1940 zu Péiteng, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet seng Primaireschoul zu Péiteng gemaach. No sengem Secondaire am LGL um Lampertsbierg an an der Normalschoul, war hie sechs Joer laang Schoulmeeschter zu Lénger, duerno nach zwee Joer zu Péiteng.

1968 ass hien op Metz op d'Uni gaange fir Geographie a Geschicht ze studéieren an huet säi Studium mat enger Maîtrise a Geographie ofgeschloss. Duerno war hie Professer am Lycée technique, fir d'éischt zu Péiteng, duerno, bis zu senger Pensioun, zu Esch-Uelzecht.

Den Emil Angel huet mat 40 Joer ugefaangen ze publizéiren. Hie schreift Kuerzgeschichten, Glossen, Satiren a Reesreportagen, entweeder op Däitsch oder op Lëtzebuergesch. Hien huet e puer Theaterstécker geschriwwen, déi am Escher Theater gespillt goufen, an zwéi Filmszeenarien, déi den RTL diffuséiert huet. Een dovun ass 1988 mam Éischte Präis am Concours national de scénarios de films de fiction ausgezeechent ginn.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • 1992 E Liewe laang: Eng Kandheetserënnerung, Zenario, Esch-sur-Alzette: Ed. Le Phare (a Ko-Editioun mat RTL-Hei Elei), 1992 ISBN 978-2-879640-20-4
  • 1995 Méngem Papp séng Bréck: Geschichten aus der Nokrichszäit, Luxembourg: Ed. Saint-Paul,
  • 1997 Ouni Netz: Erzielungen, Zeechnungen: Emil Kirscht, Luxembourg: Ed. Saint-Paul,
  • 2001 Komm, Spillmann, komm, Erzielungen - Lëtzebuerg: Ed. Saint-Paul, cop. 2001
  • 2002 An klaren Wassern, Reiseskizzen – Stimmungsbilder 2002 Ed. Saint-Paul
  • 2004 De Vëlo ass mäi Liewen. Dem Bim Diederich seng Erënnerungen, opgeschriwwe vum Emil Angel, Editioun Service RBS/ENPP
  • 2006 Puzzlestécker. - Luxembourg: Ed. Saint-Paul, 2006.
  • 2007 Von Queen Victoria zu Karl May, Reiseberichte, Ed. Saint-Paul, 2007,
  • 2010 Dem Honoré M. säin trauregt Lous, Lëtzebuerg: Ed. Saint-Paul, 2010
  • 2010 Vun Hippches op Haapches - Vom Hundertsten ins Tausendste, Verlag S.MO, 2010, ISBN 978-3-940760-14-2.
  • 2011 "… ihr Bilder, die lang ich vergessen geglaubt!", Verlag S.MO, 2011, ISBN 978-3-940760-22-7.
  • 2011 An der Kannerzäit doheem, Lëtzebuerg: Ed. Saint-Paul, 2011, ISBN 978-2-87963-831-7.
  • 2022 Deemols a menger klenger Welt. éditions Phi ISBN 978-2-919791-97-2

Artikelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1992 Ralf, Les Cahiers luxembourgeois (CL) 1992/4
  • 1993 Das Gespann CL 1993/2
  • 1994 De Stoffel, CL 1994/2
  • 1996 Am Éisléck gët et nach Wanteren, in De Cliärrwer Kanton 1996/3
  • 1997 Wunderbares Oesling, in Cliärrwer Kanton 1997/1
  • 1998 Ein erfüllter Tag im Hohen Norden, in Cliärrwer Kanton 1998/1
  • 1998 De Sënn vum Liewen. CL 1998 /3
  • 1999 Den Himmel iwwert Texel CL 1999/2
  • 2001 Als er ein kleiner Junge war, Erich Kästner verbrachte Kindheit und Jugend in Dresdens Neustadt. in Die Warte (W) n35/1982 (13-12-2001)
  • 2001 D'Zigeiner si mer, in W n13/1959 (19-04.2001)
  • 2001 Old Shatterhand, das bin ich! W n21/1967(20-12-2001)
  • 2002 Faszination Karl May, in W n37/2020 (19-12-2002)
  • 2002 Prominenz hinter Gittern, Schloss Joux war mehr als ein Jahrhundert lang Staatsgefängnis W n36/2019 (12-12-2002)
  • 2003 Old Shatterhand konnte nicht reiten, in: W/39/2059 (18-12-2003)
  • 2003 Winnetous Blutsbruder. Eine Karl-May-Biographie auf dem letzten Stand der Forschung, in W34/2054/(13-11-2003)
  • 2003 Das Denkmal in: Galerie 2003/1
  • 2004 Im Massengrab verscharrt (Alain-Fournier) W n27 /2086 (26-12-2004)
  • 2005 Europas letztes Schlachtfeld. Noch im Mai wütet auf Texel ein mörderischer Krieg, Wort Bäilag 7. Mee

Iwwersetzungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Matthäus-Passioun, 2006, op Lëtzebuergesch iwwersat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]