Helfenter Bréck
Helfenter Bréck (Helfent) | |
---|---|
Uertsschëld op der Helfenter Bréck | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Helfenterbruck de: Helfenterbrück |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Bartreng |
Buergermeeschter | M. Smit-Thijs (DP) |
Koordinaten |
49° 36’ 09’’ N 06° 04’ 26’’ O |
Helfenter Bréck oder einfach Helfent ass e Lieu-dit an der Gemeng Bartreng.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Helfenter Bréck läit an der Kadastersektioun Bartreng, um ëstleche Wupp vun der Gemeng Bartreng, op der Grenz mat der Stad Lëtzebuerg.
Vun der Stad aus verleeft d'Nationalstrooss 5 duerch Helfent a Richtung Westen. Vun hir aus geet den CR181 an nord-westlecher Richtung fort. Helfenter Bréck läit op enger Héicht vun ca. 280 m iwwer dem Mier.
Numm
[änneren | Quelltext änneren]Op der topographescher Kaart vun 1907 ass de Lieu-dit mat „Mons Helfenterbruck[1]“ agedroen. Deen Numm hält sech bis 1950 ier e vereinfacht an „Helfenterbruck“ oder „Helfenterbréck“ ëmgeännert gëtt. Vun 1979 bis 2000 heescht en „Helfent-lès-Bertrange“ a zanterhier just nach „Helfent“[2].
Baachen
[änneren | Quelltext änneren]Am Flouer Ënnescht Helfent leeft d'Grouf op enger Héicht vun 275 m an d'Péitruss déi dann a Richtung Osten weiderleeft.
Brécken
[änneren | Quelltext änneren]Zu Helfent gëtt et direkt e puer Brécken:
- um südleche Wupp vum Riichterwee (50 Meter südlech vum Haus 295) féiert eng Bréck an Nord-Süd Richtung iwwer d'Péitruss, iwwerdeems op där Plaz eng Stroossebréck (wou d'N5 driwwer geet) a West-Ost Richtung verleeft;
- ënner der Bréck vun der A6, déi an Nord-Süd Richtung iwwer Helfent féiert, lafen d'Eisebunn (Klengbettener Streck), d'N5, d'N34, de südleche Wupp vum Riichterwee an d'Péitruss erduerch;
- ëstlech vun der Autobunn, um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg sinn nach zwou Brécken: eng féiert d'N5 mat der Kräizung vun der N34 iwwer d'Eisebunn iwwerdeems eng Zuchbréck iwwer d'Péitruss verleeft.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Helfenter Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ gekierzt fir „Maisons Helfenterbruck“
- ↑ Geoportail.lu, fir d'lescht gekuckt den 13. Abrëll 2019