Black Dju
![]() | |
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland |
Lëtzebuerg Belsch Portugal |
| Produktiounsjoer | 1996 |
| Première | 1997 |
| Originalsprooch |
Lëtzebuergesch Franséisch Portugisesch |
| Ekipp | |
| Regie | Pol Cruchten |
| Dréibuch |
Pol Cruchten Frank Feitler |
| Fotografie | Daniel Barrau |
| Musek |
André Mergenthaler Manu Dibango |
| Produzent |
Samsa Film Saga Film Vermedia RTBF |
| Produktiouns- gesellschaft |
Samsa Film, Radio-télévision belge de la Communauté française, Saga Film |
| Schauspiller | |
|
Richard Courcet als Dju Philippe Léotard als Inspekter Pletschette Patrice-Flora Paxo François Morel François Hadji-Lazaro Myriam Mézières Césaria Evora Steve Karier Serge Wolff | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre | |
Black Dju ass e lëtzebuergesch-portugisesch-belsche Film vum Pol Cruchten aus dem Joer 1996.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Den Dju, e Capverdianer, kënnt op Lëtzebuerg fir no sengem Papp ze sichen, deen dohin emigréiert war. E mécht Bekanntschaft mam Inspekter Pletschette, engem desillusionéierten an alkoholkranke Polizist. Zesumme maache se sech op d'Sich...
Produktioun
[änneren | Quelltext änneren]De Lëtzebuerger Filmfong huet Samsa Film fir d'Produktioun vum Film 1992 mat engem Subside an Héicht vun 20 Millioune Lëtzebuerger Frang ënnerstëtzt.[1] Schonn 1990 hat Phenix Productions eng "Aide à l'écriture vun 800.000 Frang vum Filmfong kritt.[2] Donieft krut Samsa Film 1993 och nach eng finanziell Ënnerstëtzung vun 1,9 Millioune franséische Frang aus dem europäesche Fong Eurimages.[3]
1996 schliisslech huet de Filmfong nach eng "Aide à la distribution" vun 2,5 Millioune Lëtzebuerger Frang accordéiert.[4]
Black Dju gouf um ënner anerem zu Chicago an zu Addis Abeba gewisen.[5]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1991, Mäerz 1993, Säit 60
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la Culture 1990, Säit 68
- ↑ Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1993, Mäerz 1994, Säit 73
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la culture 1996, Mäerz 1997, Säit 115
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la culture 1997, Mäerz 1998, Säit 140

