Villa Baldauff

Vu Wikipedia
Villa Baldauff
D'Villa 2010
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Adress Avenue Marie-Thérèse
Koordinaten 49° 36’ 31.4’’ N 6° 07’ 29.3’’ O
Architekt(en) Pierre Kemp
Statut Klasséiert Monument (SSMN)
Datum vum Bau 1880

D'Villa Baldauff ass en herrschaftlecht Haus an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se steet an der Avenue Marie-Thérèse, um nërdleche Bord vum Péitrussdall.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Villa gouf 1880 vum Architekt Pierre Kemp fir den Industriellen Eugène Kerckhoff gebaut; se war eng vun de Villaen déi sengerzäit ronderëm déi nei ëffentlech Parken ugeluecht goufen. Et war de Wonsch vun der deemoleger Regierung fir de Bau vu Villaen z'ënnerstëtzen, fir sou laangfristeg Investisseuren u Lëtzebuerg ze bannen.

Nom Kerckhoff huet d'Villa dem Hubert Baldauff gehéiert, dohier hiren haitegen Numm.

Nodeems d'Gebai eng länger Zäit eidel stoung, huet d'Stad Lëtzebuerg am Joer 2009 der Banque privée Edmond de Rothschild eng Baugeneemegung gi fir et ëmzebauen. Mä och dono geschouch net vill, an d'Villa gouf 2017 fir 10 Milliounen Euro un d'Mammefirma vun der La Luxembourgeoise verkaaft.[1] Déi huet am Summer 2018 ugekënnegt, se wëllen ze restauréieren.[2]

Am Mäerz 2020 gouf bekannt, datt d'Villa no der Restauratioun (no Pläng vum Jim Clemes an an der Héicht vun 20 Milliounen Euro), an e 5-Stären-Hotel mat 21 Zëmmeren ëmfonctionéiert soll ginn. Well Deeler vum Gebai vun engem agressive Pilz befall sinn, muss et Stee fir Steen ofgedroen an duerno erëm opgebaut ginn.[1] 2022 méich den Hotel als Villa Pétrusse, seng Dieren op.[3]

D'Villa Baldauff steet zanter dem 11. November 1986 op der Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter a gouf den 20. Juli 2018 als nationaalt Monument klasséiert.[4]

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D'Dependancen an d'Wunnenge vum Personal louchen am Bannenhaff, wat fir Lëtzebuerg zimmlech ongewéinlech war[5]; gemenkerhand waren d'Déngschtgebaier a –Wunnengen hannen am Gaart.

Am Haff an an der Garage louche Schinnen, well den Hubert Baldauff do eng Lokomotiv stoen hat, déi hie bei engem Schrotthändler fonnt hat a sou virum Verschrotte gerett huet. Et war d'Lokomotiv N° 3175 déi vu Krauss & Co fir Stengeforter Schmelz gebaut gi war.

D'Villa war bannenan a verschiddene Stiler ageriicht: d'Iesszëmmer am Renaissance Stil mat engem grousse Kamäin, de Fumoir am neogotesche Stil an de Salon am Stil vum Louis XIV[6].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Villa Baldauff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Scholtes, P., 2020. Fünf Sterne-Sanierung. Jahrzehntelang stand die Villa Baldauff in Luxemburg-Stadt leer – nun wird aus dem Gebäude ein Luxushotel. Luxemburger Wort vum 3. Mäerz 2020, S. 26.
  2. "D'Zeien aus der Vergaangenheet net ignoréieren." Videoreportage op rtl.lu, 1. Diffusioun den 11. Juli 2018, Rediffusioun de 17. Oktober 2018.
  3. "La Villa Baldauff s'offre un avenir 5 étoiles." wort.lu, 02.03.2020.
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  5. Dr Phil. Robert L. Philippart Historicisme et identité visuelle d'une capitale, Säit 109, Éditions Saint-Paul, 2007, ISBN 978-2-87963-694-8]
  6. Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart. Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt, Säit 167, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4]