Ender Frings
Ausgesinn
| Ender Frings | |
|---|---|
| Gebuer | 22. Oktober 1958 |
| Gestuerwen | 5. Juli 2021 |
| Aktivitéit | Filmschauspiller, Kameramann, Filmregisseur |
|
| |
Den Ender Frings, gebuer den 22. Oktober 1958 zu Karlsruhe, a gestuerwen de 5. Juli 2021 zu Omaruru an Namibia[1][2], war e lëtzebuergesche[Quell?] Filmschauspiller, -regisseur a Kameramann. Hien huet méi wéi 20 Joer zu Swakopmund[1] an Namibia gelieft.
Hien huet och Musek gemaach, véier Joer laang war hie Sänger bei der Lëtzebuerger Band Everyday Zulu, der Grupp vum Nazz Nazz-Gittarist Aender Thilges[1].
Hien huet och scho fréi ugefaange mat molen a sech méi spéit an Namibia en Numm mat sengen Biller gemaach[Quell?].
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]- Trouble no more vum Andy Bausch, als Chuck Moreno (2010)
- Namibia: The Struggle for Liberation vum Charles Burnett, als Peter Ludwig (2007)
- Back in Trouble vum Andy Bausch, als Chuck Moreno (1997)
- Hochzäitsnuecht vum Pol Cruchten, als Tony (1992)
- Troublemaker vum Andy Bausch, als Chuck Moreno (1988)
Als Kameramann
[änneren | Quelltext änneren]- One-Reel Picture Show vum Andy Bausch (1983)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- 1 2 3 (lb) Lëtzebuerger Filmzeen: De Schauspiller Ender Frings ass dout. www.rtl.lu. Gekuckt de 05.07.2021.
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 10.07.2021, S. 83
