Muselfénkelcher

Vu Wikipedia

Muselfénkelcher ass e lëtzebuergesche Kanner- a Jugendchouer, deen 1976 vun der Adely Urwald-Krier an Jean-Pierre Urwald gegrënnt gouf.

Ronn 30 Primärschoulkanner hate sech an der éischter Prouf am Veräinshaus zesummefonnt. Lues a lues ass de Chouer gewuess an dofir bestinn d'Muselfénkelcher haut aus zwéi Chéier: de Kannerchouer (mat ronn 50 Kanner am Alter vu 6 bis 11 Joer) an de Jugendchouer (mat 60 jonke Meedercher an 3 jonke Männer vun 12 bis 27 Joer).

Op hire ville Reesen haten d'Muselfénkelcher d'Geleeënheet, aner Chéier, Lidder a Bräich kennen ze léieren. Si haten, ënner anerem, schonn Optrëtter an Däitschland, Holland an Island, wou se 1988 an 2000 vum islännesche Staatschef empfaange goufen, souwéi a Finnland, Irland, Dänemark a Frankräich.

Mat der Adely Urwald-Krier als Dirigentin a mam Georges Urwald um Piano sangen d'Muselfénkelcher Lidder aus aller Welt, wéi z. B. traditionell, folkloristesch a klassesch Musek, Negro Spirituals, Gospels an Extraiten aus Musicals. Zu de Concertshéichpunkten zielen all Joer de Fréijoersconcert an d'Chrëschtuucht de 26.Dezember.